D’Union des entreprises, UEL, bedauert d’Decisioun vun de Gewerkschaften, all d’Verhandlungsdëscher ze verloossen, ënnersträicht den Direkter Marc Wagener.

D’Gewerkschaftsfront, déi aus dem OGBL an dem LCGB besteet, fuerdert zanter e Freideg eng Tripartite.

"Mir mengen net, dass dat dee richtege Wee ass. A mir géife se eigentlech eegestänneg bieden an hoffen, dass se rëm op de Verhandlungsdësch an an déi Gremien zréckkommen, déi dofir do sinn. An eng Tripartite eebe just an enger Krisesituatioun géife usetzen."

Et géing elo alles an een Dëppe gehäit ginn, an dat obwuel een op verschiddenen Dossieren, wéi deem vun der Krankekeess, gutt Progrèse gemaach hätt. Am Aarbechtsrecht wier et da méi komplizéiert, a bei de Pensiounen hätten d’Diskussioune grad eréischt ugefaangen. D'Tripartite sollt e Kriseninstrument bleiwen, seet de Marc Wagener.

"Mee hei ass eng Kris quasi provozéiert ginn duerch de Refus an duerch d'Ofleenung vun den Enceintë vum Sozialdialog, déi dofir do sinn, zum Beispill och de Wirtschafts - a Sozialrot, fir do ze soen, mir stëmmen do net méi of, ech mengen, do si mer am institutionelle Sozialdialog, de CPTE och, deen ass vum Gesetz virgesinn, dee CPTE, an ech fannen deen ass dofir do, fir sech deenen Theemen ze stellen, firwat en do ass."

Et wier da regrettabel, dass een déi Enceinten net wéilt. A wann een doriwwer eraus géing menge Léisungen ze fannen, wann een all déi Sujeten, déi eigentlech näischt mateneen ze dinn hunn, wéilt kombinéieren: wéi d’Krankekeess, d’Pensiounskeess, d’Reforme fiscale, Kollektivverträg a Sonndesaarbecht.