Dräi ënnerschiddlech Associatioune ginn hiren Avis doriwwer, wéi d'Medie solle mam Sujet ëmgoen a wou si generell Problemer mam Ëmgang vum Sujet gesinn.

"Mir wéilte wierklech Äntwerte kréien, als Associatioun fir d'Kanner ze schützen", seet d'Eolia Verstichel, Vizepresidentin vun Innocence en Danger Luxembourg. Si bezitt sech domat op eng Affär, déi d'lescht Woch publique ginn ass a wou et sechs Joer gedauert huet vum éischten Tipp vun Europol, dass Datë mat Pedo-kriminellem Contenu, vun deem haut an éischter Instanz Verurteelten, erofgeluede goufen, bis zum Urteel Enn Mäerz.

Pedo-Kriminalitéit / Reportage Diana Hoffmann

"Mir hunn net genuch Informatiounen, fir Detailer vum Dossier voll ze verstoen. Mee vill Froe bleiwen oppen", fënnt och d’Jessica Lopes vun der Plattform JIF. "Wou war den ONE, wou war de SCAS, goufen et eigentlech Feeler an der Prozedur? Oder ass dat do zu Lëtzebuerg en normalen Oflaf vun esou enger Prozedur?", freet si. Wann net genuch Moyenen do wieren, da misst een déi schafen. Dat wier eng Saach vu politescher Prioritéit. An dat wieren d'Froen, déi d'Medien zu dësem Ament an hiren Ae sollten opgräifen. 
 
Dass Medien da sollen iwwer Prozesser vu Pedo-Kriminalitéit berichten, do sinn d'Meenunge gedeelt.

"Ech fannen, dass et immens néideg ass. Well wann een ëmmer alles ënnert en Teppech verstoppt, da gëtt et dat net zu Lëtzebuerg", seet d’Ana Pinto vun der Voix des survivant(e)s.

An och d'Eolia Verstichel mengt: "Iwwer esou Prozesser soll wierklech geschwat ginn. Well d'Pedo-Kriminalitéit ass nach en Tabu zu Lëtzebuerg an awer existéiert se." Deemno sollt nach méi dacks bericht ginn. An och d'Affer sollten d'Wuert kréien. Am Fall, wou se mannerjäreg sinn, eben duerch Leit, déi fir se schwätzen, wéi Affekoten oder Associatiounen.

D'Ana Pinto, als fréiert Affer vu Gewalt, géing esouguer e Schratt méi wäit goen a wéilt, dass d'Nimm vu Sexualstroftäter public ginn: "Ech weess, dass ech mer elo keng Frënn domat maachen, mee ech mengen, dass et einfach wichteg wier. Da géinge ganz vill Leit emol iwwerleeën, dass, wann et erauskënnt, hir Karriär eriwwer ass. Oder, dass dann och d'Nopere wëssen, wat se gemaach hunn."

Eng aner Vue huet dogéint d’Plattform JIF. "Mir froen eis, wat do de Sënn ass, Detailer vun eenzele Situatiounen an der Press ze beschreiwen. Déi Affer si jo net ënnergedaucht. Dat si richteg Leit", seet d’Jessica Lopes. Deemno sollt just bericht ginn, wann dat am Interêt vum Affer wier. 
 
Eens ass sech awer jiddereen, dass d'Medien net genuch iwwert de sexuellen Abus vu Mannerjärege schwätzen. 21 Prozent vun de Fraen, 13,8 Prozent vun de Männer zu Lëtzebuerg soen, sexuell Gewalt virun hirem 18. Liewensjoer erlieft ze hunn. Chifferen, déi Innoncence en Danger no, wuel wäit hannert der Realitéit zréckleien. Innoncence en Danger (IED) ass e weltwäite Mouvement, fir Kanner géint Gewalt ze schützen. D’Associatioun ass am Summer 2024 an de Grand-Duché komm, well et eng Demande hei am Land ginn hätt. 
 
Rezent huet och de Planning Familial, dee Member vun der Plattform JIF ass, Zuele publizéiert. 65 Prozent vun den Affer, déi vum Planning Familial betreit goufen, si fir d’éischt kéier Mëssbraucht ginn, wou se ënner 18 Joer waren. 31 Prozent waren nach ënner 12 Joer al. 
 
An der Moyen geet en Affer eréischt 16 Joer nom Abus an Therapie
 
An der Moyenne géingen hei am Land 16 Joer vergoen, tëscht dem Mëssbrauch an dem Ufank vun enger Therapie. "Dat werft vill Froen op. Si mer gutt ekipéiert, fir zäitno a konsequent Affer z’identifizéieren an ze schützen?", freet d'Jessica Lopes. Dat wieren d'Froen, op déi d'Medien elo sollten hire Fokus leen. "Déi Erwuessen, déi bei eis kommen, do sinn d'Faite leider schonn dacks verjäert. Dat ass eng duebel Strof fir d'Affer", betount d'Eolia Verstichel. Lëtzebuerg wier e klengt Land, vill Affer hätten Angscht ze schwätzen. Heiansdo géinge se uruffen an um Wee bei d'Associatioun nees Demi-tour maachen. Als Kand an och nach als Erwuessene wier et extrem schwéier, sech ze trauen, ze schwätzen. Ze dacks géingen d'Affer sech d'Fro stellen, ob si eppes falsch gemaach hätten, betount d'Jessica Lopes vun der Plattform JIF. 
 
Dem Ana Pino vun der Associatioun Voix des survivant(e)s läit dofir d'Sensibiliséierung um Häerz. Besonnesch fir Kanner wier jo dat, wat geschitt, net anzeuerdnen. "Si schwätze jo net driwwer a mengen, dat wier eng Normalitéit. Dofir ass d'Präventioun an de Schoulen esou wichteg", ënnersträicht si. Fir de Kanner vu Klengem un ze soen: "Nee, dat ass net normal, och wann een dech vill gär huet, péckt en dech net ënnen un a weist dir net bestëmmte Saachen. A wann s du nee sees, dann ass et nee". Am Ausland géingen et Campagnen op der Tëlee zu prominenten Zäite kommen, déi vum Ministère gemaach ginn, fir Kanner ze sensibiliséieren. Hei am Land net.

Iwwert de Sujet ze schwätzen, géing awer Bewosstsi schafen. Ebe grad, well d’Affer sech géingen dacks schummen. Esou géinge se gesinn, dass se net eleng sinn. "Am Moment ass et wierklech esou: So näischt. Wann s du eppes sees, bass du dee Béisen. An de Problem ass och, déi Strofen, déi am Moment bestinn: Dat ass lachhaft", fënnt d'Ana Pinto. D'Mentalitéit hei am Land misst wiesselen. Dass et esou ass, dass een direkt schwätzt, wann eppes geschitt ass. Och wann et net einfach wier. 
 
Innocence en Danger kritiséiert awer och d'Manéier, wéi d'Justice Affer en charge hëlt respektiv intervenéiert. Um Geriicht vun Dikrech géing et zum Beispill just eng Juge de la jeunesse ginn. Heescht, wann Appell géing gemaach gi géint eng Decisioun, wou et ëm e Placement vun engem Mineur geet, da wier et eben déi selwecht Persoun, déi d'Decisioun rejugéiert. Doriwwer eraus géing bei Fäll vu Pedo-Kriminalitéit ze vill Sursis vergi ginn. Dacks géingen dann och nach d'Affer hir Rechter net kennen an net wëssen, u wie si sech kënne riichten. An et wier schwéier, en Affekot ze hunn, besonnesch, wa se Mineur wieren. "Jo, et gëtt eng Lëscht mat Affekote fir Mineuren hei am Land. Mee allkéiers, wa mir en Affekot kontaktéieren, deen op engem Dossier fir e Mineur ass, kréie mir keng Äntwert", seet d'Eolia Verstichel. Och wann ee just hëllefe wéilt. Heefeg géing gesot ginn, dass d’Victimmen net géinge schwätzen. Mee dacks hätte se geschwat a wieren net gehéiert ginn, oder et wier hinne gesot ginn, se sollen näischt soen.