Déi Lénk reprochéieren dem Premierminister Luc Frieden eng autoritär Politik
Déi Lénk wëlle sech wieren a weise sech solidaresch mat der Protestmaniff vun der Gewerkschaftsfront den 28. Juni.
Déi Lénk sinn der Meenung, et misst ee sech géint dem Premierminister Luc Frieden seng "autoritär" Politik wieren. Dat huet d'Oppositiounspartei en Dënschdeg op enger Pressekonferenz wësse gedoen, wou si och hir Propose fir eng besser Pensiounsreform widderholl huet.
Kee Versteesdemech hunn déi Lénk dofir, dass d'Regierung no annerhallwem Joer keng chiffréiert Pläng fir eng Pensiounsreform liwwere kann. Eng Rei Parteien hunn hir Konzepter jo vun der Generalinspektioun vun der Sécurité sociale ausrechne gelooss, dorënner déi Lénk, wéi den Deputéierten Marc Baum erkläert huet. Als Beispill eng mëttelfristeg Mesure: déi Lénk géifen, wann a puer Joer néideg, d'Cotisatioune vu Staat, Patron a Salarié hiewen vun 3 Mol 8 op 3 Mol 9 Prozent. De Staat hätt e Plus u Recettë bis 2039.
De Marc Baum:
"Amplaz vun 2026 wéi aktuell. D'Reserve wier garantéiert bis 2058 amplaz 2040 wéi aktuell.“
Kuerzfristeg géifen déi Lénk ënnert anerem och d'Plaffonge bei de Cotisatiounen ofschafen. Et sollt och op héije Salaire komplett cotiséiert ginn, seet de Marc Baum.
"Méi laang schaffe goen, fir manner Pensioun", sou beschreiwen déi Lénk d‘Stoussrichtung, déi de Luc Frieden annoncéiert hat.
Den neie Co-Parteispriecher André Marques:
"Jidderee wäert vun der Mesure getraff ginn. Virun allem déi Jonk an déi déi fréi ugefaangen hu mat schaffen a weder Studiejoren nach Baby-Joren ze gutt hunn."
Grad esou awer Pensionären, déi wéinst der 2012er Reform eventuell manner Rent kriten. Just d'Patronat kéim gutt ewech. D'Reform wär net z‘akzeptéieren. De Premierminister hätt mat senger Sozialpolitik net nëmmen d'Biergerinnen a Bierger virun de Kapp gestouss mä och seng eege Regierungsmemberen an all d'Deputéiert, esou déi Lénk. D‘Co-Parteispriecherin Carole Thoma mécht den Appell, den 28. Juni mat der Gewerkschaftsfront protestéieren ze goen.
"Fir e Stopp vun dëse frontalen Attacke géint d'Leit, déi schaffen an hir Gewerkschaften. E Stopp vun dëser Politik. An e Stopp vum Luc Frieden. A wann de Premier mengt, den 28. Juni géifen e puer Leit spadséiere goen an duerno hätt et sech gedoen, dann iert hie sech! D'Geschicht huet gewisen, dass grouss Mobilisatioune kënnen eppes bréngen."
Déi Lénk wëllen elo schonn Rëss an der schwaarz-bloer Koalitioun erkennen, well eng Rei Majoritéitspolitiker net voll a ganz hannert der Verlängerung vun de Cotisatiounsjore stéingen.





