D'Regierung invitéiert all d'Sozialpartner den 9. Juli um 15 Auer an de Staatsministère.

Dat schreift de Premier Luc Frieden a senger Äntwert op de Bréif vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB vum 23. Mee 2025.

RTL

D'Regierung hätt d'Decisioun vun de Gewerkschaften, u kenge Gespréicher méi mat Regierung a Patronat  baussent der Tripartite deelzehuelen zur Kenntnis geholl. An der Hoffnung, datt dës Absence awer nëmmen temporär wier. D'Regierung géif nämlech weiderhin zum Sozialdialog stoen. Déi verschidde Ministeren hätten och dacks enk mat de Gewerkschaften zesummegeschafft.   
 
An der Reunioun den 9. Juli soll dann iwwert d'Pensiounsreform geschwat ginn a wéi een de Sozialdialog an Zukunft ka besser strukturéieren.