No bal véier Joer huet de Verwaltungsgeriichtshaff der ONG och an 2. Instanz Recht ginn. D’Stad Lëtzebuerg muss verschidden Dokumenter erausginn.

Um Enn waren esouwuel d’ONG Zentrum fir Urban Gerechtegkeet, kuerz ZUG, an d’Stad Lëtzebuerg, an der Persoun vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer zefridde mam Urteel vum Verwaltungsgeriichtshaff. Jiddereen interpretéiert di verschidden Nuancen aus dem Urteel op seng Manéier.

Zréck geet de Konflikt ëm intern Dokumenter op 2021. Den Zentrum fir Urban Gerechtegkeet hat eng Analys zu der Sécherheet vun den Zebrasträifen an der Haaptstad gemaach. Resultat: 417 géingen net de Sécherheetsstandarden entspriechen. D’Stad Lëtzebuerg hat an hirer Analyse 37 sou Foussgängeriwwergäng definéiert. Den ZUG huet gefrot, fir dës Analys ze gesinn, krut awer deemools eng Ofso vun der Gemeng Lëtzebuerg.

An der Konsequenz zitt den ZUG virun d’Verwaltungsgeriicht. Mi spéit riicht en sech un d’Commission d’accès aux documents. Kritt vun dëser Recht. An och d’Verwaltungsgeriicht hätt hinnen an éischter Instanz, "mat klengen Aschränkungen" Recht ginn, seet den Thorben Grosser vum ZUG. D’Stad Lëtzebuerg misst dem Zenter Accès ginn.

D’Buergermeeschtesch vun der Haaptstad, d’Lydie Polfer erkläert, dass et awer an éischter Linn géing an dëser Diskussioun ëm d’Interpretatioun goen, wat intern Dokumenter sinn. Wéinst Onkloerheeten hei wier een och géint d’Urteel an éischter Instanz an Appell gaangen. D’Geriicht hätt elo festgehalen, dass wann e Schäffen ëffentlech iwwert en internt Dokument schwätzt, wéi de Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt dat an dësem Fall gemaach hätt, dëst als ëffentlech ze consideréiere wier.

"En Abléck an d’Base de Donnée ze kréie wat d’Zebrasträifen ugeet, dat hate mir hinne schonn de 6. Abrëll 2022 ugebueden", betount d’Lydie Polfer dann och. Am Ufank wier dës Offer fir eng Reunioun ofgeleent ginn, wat och den Thorben Grosser confirméiert. Den 6. Abrëll 2022 wier et awer zu enger Reunioun komm, wou dem ZUG Dokumenter gewise krut. Ma den ZUG wieren et keng nei Informatioune gewiescht.

Am Urteel wier elo festgehalen, dass den ZUG kann d’Note interne agesi. "Par contre, op engem anere Punkt. Wou se an d’Base de Données vun der Gemeng kënne kommen, do kruten se net Recht", ënnersträicht d’Lydie Polfer. Do hätt an zweeter Instanz ganz kloer d’Gemeng Recht kritt. Hei géing et nämlech ëm sensibel Informatioune goen, wéi de Verlaf vu Gas- oder Elektreschleitungen. Ma op dës kéinten een an der Gemeng Asiicht kréien.

Den Zenter fir Urban Gerechtegkeet hofft elo duerch den Accès op entspriechend Dokumenter hier Etüd iwwert d’Sécherheet vun den Zebrasträife kënnen ofzeschléissen. D’Buergermeeschtesch monéiert dogéint awer, et scho bal eng Frechheet ze fannen, ze mengen, d’Gemeng géing sech net mat der Sécherheet vun de Foussgängersträife befaassen.

Den Zenter fir Urban Gerechtegkeet feiert d’Urteel als Victoire: «Mir freeën eis, dass d’Urteel e Präzedenzfall geschaaft huet, dee seet, dass d’Bierger vill Rechter vis-à-vis vun Administratiounen hunn”, betount den Thorben Grosser. D’Lydie Polfer bléift awer dobäi, dass déi Concernéiert déi gefuerdert Dokumenter och schonn hätte kënne virum Urteel kucke kommen.