D'Staatsfinanze bleiwen déi nächst véier Joer am Defizit.

Den Defizit vun Zentralstaat, Gemengen a Sozialkeese géing vu 706 Milliounen Euro dëst Joer op bal 1,3 Milliard am Joer 2029 wuessen. Besonnesch géing den Zentralstaat mat 1,5 Milliard Euro Defizit am Duerchschnëtt déi nächst Joren d’ëffentlech Finanze verschlechteren. Dat alles steet am Budgetsprojet fir d’nächst Joer an dem budgetäre Programm fir déi nächst véier Joer. De Conseil national des finances publiques, de CNFP, deen huet a sengem Avis, deen en en Dënschdeg presentéiert huet, ënnert anerem festgestallt, datt zwee wesentleche Punkten net Rechnung gedroe gëtt. Nämlech der Hausse vun den Ausgabe fir d’Defense an der geplangter Steierreform.
 
Bei 2% vum nationale Räichtum (RNB) géing d’Defense d’nächst Joer bal 1,3 Milliarden Euro duerstellen. Ziilt een awer ewéi geplangt 5%, geet de Montant progressiv an d’Luucht, vun 190 Milliounen Euro méi d’nächst Joer op 880 Millioune méi am Joer 2029. Hëlt een 3,5%, wat strikt fir d'Defense geduecht ass, kënnt een op ronn d’Hallschent vun de Méiausgaben. Dëst Joer hätten d’Ausgabe fir d’Defense iwweregens just 1,3% vum RNB erreecht, sou den CNFP. D’Steierreform, mat där eng eenzeg Steierklass soll geschaaft ginn, géing am Duerchschnëtt 850 Milliounen Euro d’Joer dem Staat an de Gemenge kaschten.
 
Datt d’Steierreform an den Effort de Défense (nach) net budgetiséiert sinn, wier novollzéibar, well d’Gesetzer nach net gestëmmt sinn, esou de President vum CNFP, de Romain Bausch. Hien huet par contre ze bedenke ginn, datt och wann d’Ekonomie méi wiisst, den Effort de Défense och klamme wäert, well dee jo a Prozenter vum nationale Räichtum festgeluecht ass. Wat d’Steierreform ugeet, déi soll jo deels doduercher géigefinanzéiert ginn, datt 2,5 Indextranchen am Barème net sollen ugepasst ginn (doduercher mécht de Staat méi Recetten, nvdr). Allerdéngs wieren d’Upassungen och nach net decidéiert an d’Net-Upassung géing deemno näischt un den Zuelen änneren.
 
Am Resumé: D’Depensë riskéieren drastesch ënner-, an d’Recetten iwwerschat ze sinn.

Gehälter beim Staat a Renten

D’wirtschaftlech Entwécklung wäert déi nächst Joren am historesche Verglach schwaach bleiwen. Den Emploi wäert manner wuessen, ewéi gewinnt. De President vum CNFP, de Romain Bausch, huet betount, datt 2023 a 24 all drëtt nei Aarbechtsplaz beim Staat war. An der Period 2011 bis 19 war et all zéngt. Hien huet och de Constat gemaach, datt d’Depensë fir d’Gehälter beim Staat déi lescht 5 Joer ëm 8 bis 9% all Kéiers geklomme sinn. Net just wéinst méi Astellungen an dem Gehälteraccord mat Lounhaussen, mee och duerch d’Inflatioun, respektiv d’Upassunge vum Steierbarème un d’Inflatioun.
 
D’budgetär Laascht vun de Staatsbeamte gëtt iwweregens an Zukunft deelweis limitéiert, well Staatsbeamten, déi no 1999 agestallt goufen, net méi nom 5/6 vun der leschter Pai als Rent kréien, mee ewéi am Privatsecteur en Deel forfaitaire an en deel proportionnel.
 
D’Mesurë fir de Pensiounssystem, déi d’Regierung no de Sozialronnen zeréckbehalen huet – de Romain Bausch huet bewosst Mesurë gesot an net Reform – géingen d’ëffentlech Finanzen ëm Netto 378 Milliounen Euro entlaaschten (méi Cotisatioune bedeiten och manner Steierrecetten). Wat natierlech net duergeet, mee Thema virun de nächste Wale soll sinn.

"Keen Element vun intergenerationeller Gerechtegkeet"

Am Zesummenhang mat de Renten huet de Romain Bausch de Constat vum Tageblatt-Journalist Christian Müller perséinlech gedeelt, datt duerch d’Cotisatiounshaussen, de Modérateur de Réajustement no hanne geréckelt gëtt an doduercher déi aktuell Rentner nach manner un den Efforten, fir de Pensiounssystem ze reequilibréieren, bedeelegt ginn iwwerdeems déi aner musse méi laang schaffen.
 
De Romain Bausch sot: "Ech géing dat nach e bësse completéieren. Déi Erhéijung vun de Cotisatiounen, dat trëfft all déi déi schaffen haut a muer an déi eenzeg, déi duerch keng Moossnam betraff sinn, sinn déi Pensionéiert. Sot elo net dat wier den CNFP hein! Ech soen, vun der intergenerationeller Gerechtegkeet ass hei keen Element dran."

Eng gutt Ausgangsbasis och ouni Apel fir den Duuscht

Klengen Trouscht an der Presentatioun vum CNFP: egal wéi leeft et dorobber eraus, datt d’Staatsschold a véier Joer nach ëmmer ënner der Mark vun 30% vum PIB wäert leien. Allerdéngs läit elo de Service à la dette, also d’Ausgabe fir d’Zënsen, bei 700 Milliounen Euro. Lëtzebuerg wier nach e gudde Schüler am europäesche Verglach.
 
De Finanzminister Gilles Roth huet a senger Zäit an der Oppositioun bis 2023 ëmmer gefrot, wou den "Apel fir den Duuscht" wier. Déi Fro stellt sech elo de Conseil national des finances publiques.
 
Wou bleift Sputt fir de Fall vun engem neie Schock, oder fir de Logement, d’Vereelze vun der Populatioun oder nach d’ekologesch an digital Transitioun? De Romain Bausch wollt awer och mat engem gewëssenen Optimismus seng Analys ofschléissen: zu Lëtzebuerg hätt een eng besser Ausgangsbasis, och wann hien net domadder wéilt soen, datt et jidderengem gutt geet.