CSL fuerdert op en Neits eng Erhéijung vun der Mindestrent
© Shutterstock
D'Mindestrent vun 2.350 Euro Brutto de Mount geet einfach net duer, fir en anstännegt Liewen ze féieren, esou d'Salariatskummer.
D'Altersaarmut hätt sech an de leschten 10 Joer méi wéi verduebelt. Antëscht wier ee vun 10 Pensionäre betraff. D'CSL fuerdert dowéinst an enger neier Publikatioun op en Neits, datt d'Mindestrent zu Lëtzebuerg am Kader vum aktuelle Pensiounsdebat misst eropgesat ginn.
Dat wier weder e Luxus nach Symbolpolitik, mä eng sozial Evidenz. A mat där Fuerderung wier d'Salariatskummer och net eleng, betount de Sylvain Hoffmann: "Souguer Patronatvertrieder hunn u sech jo och gesot, datt déi niddreg Rente sollen eropgoen. D'Jugendorganisatiounen hunn et all gesot. Praktesch all politesch Parteien hunn et ëmmer an deenen Diskussioune gesot. Well een effektiv och gesäit, datt virun allem d'Altersaarmut bei den eelere Leit ganz staark geklommen ass zu Lëtzebuerg. Se huet sech an de leschten 10 Joer méi wéi verduebelt".
Vun enger Erhéijung géife besonnesch Leit profitéieren, déi a méi Länner geschafft hunn a Fraen. Frae maachen haut 80% vun de Leit aus, déi mat enger Mindestrent auskomme muss. Wann een déi eropsetzt, kéint een efficace géint de sougenannte Gender pension gap virgoen. An den Impakt fir de Staatsbudget wier vergläichsweis geréng, sou de Sylvain Hoffmann. Eng Hausse vun 10% géif 30 Milliounen Euro kaschten.
"Dat ass immens wéineg wann ee kuckt, datt zum Beispill d'Depensë vun der Pensiounskeess allgemeng fir d'Pensioune ronn 6,5 Milliarden Euro d'Joer sinn. Also dat wier eng minimal Augmentatioun vun deenen Depensen."
D'Regierung huet bis elo eng Hausse vun der Mindestrent ausgeschloss. Et géif een d'Aarmut mat anere Mëttele bekämpfen. Fir d'Salariatskummer wier dat "relativ enttäuschend".