D'Aleba bedeelegt sech un der grousser nationaler Maniff den 28. Juni, zu där OGBL an LCGB gemeinsam opruffen.

D’Gewerkschaft, déi haaptsächlech am Banken- an Assurancësecteur aktiv ass, hat sech wuel kritesch zu der Regierung hire rezenten Annoncen iwwer eng Pensiounsreform geäussert, awer bis elo opstoe gelooss, ob se sech der Protestaktioun vun der Gewerkschaftsfront uschléisst.

Wéi d’Aleba e Freideg an engem Communiqué matdeelt, hätt op der Generalversammlung virun 3 Deeg eng grouss Majoritéit dofir gestëmmt. Et hätt ee sech och mat Vertrieder vum OGBL an LCGB ausgetosch.