Eng nei Era Zichelchen zu Ouljen
Mat engem Zichelchen iwwer 350 Meter wäit duerch Ouljen an der Gemeng Betzder fueren...
Genee dat kann ee vun e Samschdeg de moien un, well dann ass bei der "Aler Millen" an der Fluessweiler Strooss, déi offiziell Aweiung vum "Train miniature Millebunn". Un dësem Fest hëlt e Mann deel, deen een duerch den Zichelche vun der Stad Lëtzebuerg an der Péitruss kennt – et war eng Attraktioun, déi all Joer zeg Touristen ugelackelt huet, an déi, wéinst der Renaturéierung vun der Péitruss, enger grousser Parkplaz huet misse Plaz maachen. D’Monique Kater iwwer d’Konzept vun enger Mini-Eisebunn, déi vu muer un, en neit doheem huet.
De Charel als Chef de Gare an d’Betty als seng riets Hand. Si kennen all Meter vun der neier Streck, vun de frësch geluechte Schinnen. Vu n e Samschdeg u leeft se reegelméisseg zu Ouljen, a gëtt dann och offiziell ageweit. D’Gemeng Betzder, méi präzis där hire Chef de Gare, an och nach ee vu Ponts et Chaussées, huet sech an d’Iddi vum Zichelche verkuckt an deen dunn "zack zack" op d’Schinne bruecht.
Hannert där Iddi steet een, dee jorelaang duerch d’Péitruss getuckert ass, zu Ouljen wunnt an terribel d’Flemm krut, wéi d’Schinnen aus dem Dall geflu sinn. An och den Dall op där anerer Säit, dee vun de fréiere Pafen, op eemol ze "chic" war, fir eng Bunn. Déi huet weder enger Ëmweltschutzorganisatioun an der Noperschaft, nach engem Interesseveräi gepasst.
Ieselcher gesäit een an der Stad net ouni sichen ze goen, allerdéngs päifen d’Villercher et haut scho vun den Diech an deemnächst wäert sech confirméieren, dass d’Stad och nees Touristen op d’Miniatur-Schinne wëllt setzen, méi dozou, e Méinden um Radio.