OGBL an LCGB grënnen ASBL a gi sech eng gemeinsam Struktur
De front syndical, deen den 28. Juni dausende Militante vun OGBL an LCGB wëll op d’Stroosse bréngen, strukturéiert sech.
Wéi aus enger Invitatioun fir eng Pressekonferenz vun e Mëttwoch de Moien ervirgeet, gëtt aus enger labberer Kooperatioun eng organisatoresch Struktur, déi sech als ASBL grënnt an domat nei opstellt. Vun enger Unioun vu béide Syndikater ass rieds.
D’Fro stellt sech, ob dës nei Struktur, déi eng Première op nationalem Niveau an der Lëtzebuerger Gewerkschaftszeen duerstellt, sech nom Modell vun der "ASBL Siderurgie" opstellt.
Deemno géif dann d’Presidence vun der Union des syndicats vu béide Presidenten Nora Back a Patrick Dury iwwerholl an den CA géif och paritéitesch aus OGBL- an LCGB-Mandatairë besat ginn.
D’Lëtzebuerger Gewerkschafte wëllen deemno mat hiren 125.000 Membere mat enger Stëmm mat Regierung a Patronat schwätzen.
Detailer ginn et dann op enger Pressekonferenz e Freideg.
Romain Schmit: " Weider kee Kappzerbrieches"
Dem Patronat mécht déi Unioun vu béide Syndikater an enger éischter Reaktioun weider kee Kappzerbrieches. Hei de Romain Schmit, Generalsekretär Handwierkerfederatioun:
„D‘Gewerkschafte maachen eng Politik vum eidele Stull. Vläicht bréngt dat do si zur Raison, dass si dann effektiv erëm kënnen zeréck bei de Sozialdialog, vun deem si jo behaapten e wär net existent. Eis Analyse ass, dass en inexistent ass, well d‘Gewerkschaften eben net do sinn. Mir diskutéieren eleng mat der Regierung, wat Friichten dréit a ganz flott ass, mä dat ass kee Sozialdialog am klassesche Sënn.“
De Romain Schmit ass der Meenung, dass ee bei ville Gesetzprojeten muss virukommen. Dozou gehéiert och d‘Pensiounsreform. An de Patronatsvertrieder ass net der Meenung, dass d‘Regierung besser gehat hätt, den däregen Dossier net unzepaken. Et misst eppes ënnerholl ginn, och wann iwwer d‘Mesuren nach kann diskutéiert ginn.
De Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun ass och net der Meenung, dass dat wat d‘Gewerkschaften als Kris vum Sozialdialog thematiséiere géingen, de gréisste Problem vum Land ass. Romain Schmit:
„Mir hunn eng ekonomesch Kris. A ville Secteuren hu mir grouss Schwieregkeeten. Am Handwierk, am Bau hu mir 6.000 Aarbechtsplaze verluer. Dat ass kengem opgefall wéi et schéngt. De ganze Mëttelstand wackelt, och am Commerce. A mir maachen d‘“Nabelschau“ vun de Gewerkschaften einfach mat. Dat soll net eis Haaptbeschäftegung sinn. Soss gëtt aus enger net existenter sozialer Kris eng handfest ekonomesch.“
D‘Maniff den 28. Juni wéilt de Romain Schmit emol op sech duerkomme loossen. Hien huet awer keen Heel aus sengen Zweiwelen gemaach, ob déi Maniff effektiv Dausende Leit mobiliséiere wäert.