Endometrios muss als chronesch Krankheet unerkannt a betraffe Fraen op der Aarbechtsplaz besser geschützt ginn, fuerderen d'Auteure vun enger Petitioun.

Méi Schutz fir Endometrios-Patientinnen op der Aarbecht / Reportage: Anne Wolff

Wat betraffe Fraen erlieft hunn, héiert sech deels u wéi eng Horrorgeschicht: Bluddungen an de Longen, aus der Nues, aus dem Mond. Séier hu si kloer gemaach, hei géing et ëm méi wéi reng Péng bei der Reegel goen. Betraff ass weltwäit ongeféier all 10. Fra am gebärfäegen Alter. Bei der Endometrios wiisst Tissu, deen der Gebärmutterschläimhaut gläicht, baussent dem Uterus a kann aner Organer befale, wat fir Péng a schwéier Komplikatioune suerge kann. D'Liliana Rodrigues ass selwer betraff: "Dat ass kee gynekologesche Problem, mee et geet iwwerall hin. D’Endometer kënne bis an d’Gehier goen. Mir kënnen iwwerall bludden; aus den Aen, aus der Nues (..) Dat ass net just eng gynekologesch Krankheet, si mussen domat ophalen".

D’Petitionärinne fuerdere méi Schutz op der Aarbecht, verschiddener vun hinne wiere wéinst hirer Krankheet entlooss ginn. Fir schwéier Fäll kéint de Statutt vum "travailleur handicapé" hëllefen.

Kritiséiert hunn déi Betraffen dann och, dass et kee Reseau u Spezialisten am Land géif ginn. Et kéint net sinn, dass si als Privatleit vu Patienten ugeruff ginn, well kee Spezialist do wier.

Vill Deputéiert hu gefrot, ob déi Betraffe sech als Organisatioun zesummegedoen hunn an ob si net wéilte selwer an de Schoulen Opklärung maachen. Déi fuerderen awer e méi séieren Diagnostik, well dee géif aktuell dacks Joren daueren. Dowéinst verweisen d’Petitionären op e Spaut-Test, deen aktuell schonn a Frankräich am Kader vun enger grouss ugeluechter Etüd vun der Krankekeess an Héicht vun 839 Euro rembourséiert gëtt.

D'Gesondheetsministesch Deprez huet deen um Radar, wëllt awer ofwaarden, ob den Test sech als effikass erweist. No der Rentrée sollen déi concernéiert Chamberkommissioune sech de Froe ronderëm e spezielle Statut fir Endometrios-Patienten an dem Remboursement vum Test unhuelen.