Preparatioune fir d’Maniff de Weekend lafen op Héichtouren
E Samschdeg mobiliséieren den OGBL an LCGB - mat nach enger ganzer Rëtsch weideren Acteuren - fir eng grouss Protestaktioun uechter d'Stad.
D’Mobilisatioun fir déi grouss Maniff vun de Gewerkschaften e Samschdeg leeft op Héichtouren. Dës Woch gëtt nach vun all Moment profitéiert fir d’Leit op de Stroossen – ewéi en Dënschdeg um Belval – opzeklären a mat ze engagéieren.
500 Meter Loftlinn ewech gëtt da fläisseg u Pancarte geschafft, fir de Weekend och maximal visibel ze sinn. Den Alain Rolling vum OGBL: “Mir erwaarden eis wierklech e Maximum vu Leit well mir hunn alles an dës Mobilisatioun dragestach. A mir hoffen, datt do e Maximum vu Leit den 28. Juni mam OGBL a mam LCGB zesummen op d’Strooss geet.“
D’Messagë gi vun A bis Z. Vun der Sonndesaarbecht, der Pensiounsreform bis eriwwer bei d’Santé. "La Santé n’est pas une marchandise", liest een op enger Pancarte. Fir d’Sandra Kaufmann, dat am CHL schafft, ass kloer, datt déi lescht 18 Méint virun allem d’Gesondheet ëmmer méi an den Hannergrond geréckelt ass:
“Dem Secteur-Santé geet et wierklech net gutt. Deen ass amgaangen ënnerzegoen. An dat eenzegt wat de Secteur fuerdert – wat awer och bei engem Här Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun net erwäänt gouf – ass, datt mir eng minimal Dotatioun kréien. Datt, et eise Leit um Terrain nees gutt geet. Well wann et eis net gutt geet, wéi solle mer eis Patienten uerdentlech fleegen?"
Si protestéiere fir déifgräifend Reformen – an d’Definitioun vun engem Personalschlëssel, dee garantéiert, datt d’Ekippe mat genuch Personal protegéiert ginn – an net gezwonge ginn, nach méi laang fir hir Pensioun ze schaffen.
“Et gi ganz vill Leit um Terrain déi net méi laang kënne schaffe goen. Bei deenen dat kierperlech einfach net geet. An ech fannen déi Decisioun einfach ganz traureg.", sou d'Sandra Kaufmann weider.
D’Atmosphär bei villen, véier Deeg virun der Maniff, ass ugespaant. Awer och hoffnungsvoll, esou den Alain Rolling:
“Dat wäert elo déi nächst Stonnen an Deeg ëmmer méi ginn. Mir hoffen, datt et eng flott Maniff gëtt, awer och op e kloert Zeeche vis-à-vis vun der Regierung fir ze weisen, datt een net esou kann agéieren ouni mat de Leit déi betraff sinn ze schwätzen an ze verhandelen.”
Depart ass dann e Samschdeg um 11 Auer direkt nieft der Stater Gare.