Carlo Thelen: Gewerkschafte stelle mat Maniff soziale Fridden hei am Land a Fro
 
                    © Cédric Ferry
Kuerz virun der grousser Maniff geet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce a sengem Blog op d'Haaptargumenter vun de Gewerkschaften an.
A sengem neiste Bäitrag op sengem sougenannte "Wirtschaftsblog" kritiséiert de Carlo Thelen d'Beweeggrënn vun OGBL an LCGB. Hie widderleet 4 vun den Haaptargumenter vum Streik vun der Gewerkschaftsfront, déi a sengen Aen d'Strooss net géifen halen. Datt de Sozialdialog zu Lëtzebuerg a Fro gestallt ass, géif net un der Politik vu Schwaarz-Blo leien, mä well de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell net méi genuch (mat engem Wuesstem vum PIB vu just nach 1% dëst Joer) dréit an ambitiéis strukturell Reformen an der Vergaangenheet net ugepaakt goufen.
Lëtzebuerg géif ëmmer méi u Kompetitivitéit abéissen a bräicht Reformen, déi d'Gesellschaft an d'Wirtschaft virubréngen, schreift de Carlo Thelen. D'Gewerkschaften awer wéilten der Realitéit net an d'Ae kucken. An de Carlo Thelen hofft, datt si d'Regierung net an hirem Reformwëllen ausbremsen.
Prinzipiellt Verbuet vu Sonndesaarbecht soll ganz ofgeschaf ginn
Den Direkter vun der Chambre de commerce pléckt da wéi gesot eng Rei vun de Slogane vun OGBL an LCGB auserneen. Sou wieren d'Pensiounen net wéinst der aktueller Regierungspolitik a Gefor, mä de System géif vill méi op Dauer net méi opgoen, wann näischt gemaach gëtt. De Carlo Thelen léisst och net gëllen, datt de Leit hir Kafkraaft erofgaange wier, respektiv, datt déi sozial Acquisen a Fro gestallt géifen.
An och net, datt d'Balance tëscht Aarbechts- a Familljeliewe mat der erweiderter Sonndesaarbecht a Fro gestallt géif. De Carlo Thelen geet souguer rsou wäit a fuerdert, datt d'Sonndesaarbecht net nëmmen am Commerce, mä an all de Secteure sollt erweidert ginn. Et bräicht e richtege Paradigmewiessel. Amplaz d'Sonndesaarbecht just an 11 Secteuren ausnamsweis zouzeloossen, sollt een dat ganzt Verbuet ophiewen an et jiddwerengem erlaben, fir sonndes ze schaffen.
Demo-Aktioun en Donneschdeg an der Areler Strooss
"Mäi Sonndeg", "Meng Gesondheet", "Mäi Privatliewen" - dat waren e puer vun de Sloganen, déi een iwwerdeems en Donneschdeg de Moien op Pancarte virum grousse Shoppingcenter op der Areler Strooss konnt liesen. Ronn 60 Leit vum OGBL an LCGB hate sech fir eng Sensibilisatiounsaktioun versammelt, fir sech géint d'Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten am Commerce staark ze maachen. E puer Deeg virun der grousser Maniff goufen och d'Pensiounen ugeschwat.
 
                     
                     
                     
                    