D’Michèle Sinner huet d’Entwécklung am Konflikt vun de Gewerkschaften an der Regierung, déi zu der grousser Maniff gefouert huet, nogezeechent.

Um 11 Auer e Samschdeg geet et op der Gare lass. Da marschéiert de Front syndical vun OGBL an LCGB vun der Gare Richtung Knuedler. Wéi koum et zu dëser Mobiliséierung? Am drëtten Deel vun eisem Réckbléck geet et ëm dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun an d’Reaktiounen do drop.

Historique Sozialkonflikt (3/3) / Reportage Michèle Sinner

De Resumé ass: d’Gewerkschafte sinn nach méi rosen. Den 23. Mee mellt RTL: "Entweder et gëtt eng Tripartite oder de Stull vun de Gewerkschafte bleift eidel. OGBL an LCGB klaken d'Dier a wäerte bis op Weideres bei kenger Sozialronn, bei kengem Comité permanent du travail et de l’emploi, bei kengem Vott am Wirtschafts- a Sozialrot a bei kengem Echange mat der Sozialministesch Martine Deprez méi dobäi sinn. Mam État de la Nation ass d'Faass iwwergelaf."

An där Zäit widderhuelen d’Patronatsvertrieder, hei den UEL-Direkter Marc Wagener, datt si léiwer manner an de Kollektivverträg géife reegelen. "Mir si bei bal 60 Prozent Couverture Convention collective. Mir fanne 60 Prozent, wann ee bedenkt, datt mer den héchste Mindestloun hunn, en Index, eng Revaloriséierung hunn, dat waasserdichtst Aarbechtsrecht, wat e wäit a breet siche geet, an an an. Wann een dann en plus nach weess, datt de Kollektivvertrag op op d'mannst 13 Punkte muss zu engem Accord féieren an datt all déi 13 Punkte mussen en faveur vum Salarié sinn."

Sou heefe sech d’Indicen, datt d’Sozialpartner am Premier senge Sozialronnen awer net esou beienee fonnt hunn, wéi hien dat an der Ried zur Lag vun der Natioun gesot hat.
 
Ufank Juni invitéiert hie se da fir den 9. Juli, also eng déck Woch no der annoncéierter Maniff vun OGBL an LCGB, op eng Reunioun an de Staatsministère. Si ass an Dräierkonstellatioun, mä däerf op kee Fall Tripartite heeschen. Offensichtlech, datt OGBL an LCGB dono net soen, ob se dohi ginn, bis se wëssen, ob hir Maniff eppes gëtt. Ma esou geléngt et mol ze verhënneren, datt och d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP gemeinsam Front mat deenen anere mécht: den Horrorzenario fir d’Regierung. Den Avis vum Salariat iwwert eng méiglech Pensiounsreform haten déi dräi Gewerkschaften nach zesumme geschriwwen an do dra Propose gemaach, wéi d’Recettë vum System kéinten an d’Luucht gesat ginn. Ma deemools hat ee sech bei der CGFP nach Hoffnunge gemaach, d’Reform géif just fir d’Beschäftegt am Privatsecteur gëllen.

D’CGFP decidéiert, fir eleng géint eng Reform vun hire Pensiounen ze manifestéieren an den 9. Juli der Regierung nach eng lescht Chance ze ginn, ier och si just nach am Tripartite-Kader wëllen diskutéieren.

De CGFP-President Romain Wolff sot: "D’Regierung spléckt d’Gesellschaft. Et ass net un eis, fir do weider Spléckungen ze maachen an och ze suivéieren. Dofir kéint och emol gutt sinn, datt mer bemol all zesummen do stinn. Awer schéin der Rei no."

Mat deene schlechte Resultater am Politmonitor, wou 60 Prozent vun de Befroten zu de Gewerkschafte mat hirem Opruff zur Maniff gehalen hunn, huet de Premier kuerz virun Nationalfeierdag an der Emissioun Background e bëssi Waasser a säi Jus geschott:

"Mir kucke just, datt d'Leit vläicht e bësse méi laang schaffen. An dann hu se nach ganz vill Pensioun. Mä mir sinn och bereet, an dat wëll ech och soen en vue vum 9. Juli, mir si selbstverständlech bereet, iwwert aner Pisten ze schwätzen. Wichteg ass fir eis, an dat ass och an der Walcampagne gesot ginn, datt mer laang-, oder loosse mer soen mëttelfristeg, de Pensiounssystem ofsécheren."

OGBL an LCGB réckelen nach e Krack méi no zesummen. Eng Woch virun der Maniff grënne si d’Union des syndicats. "Drokuliss" fir d’Regierung oder laangfristege Rapprochement? Dat bleift ofzewaarden, ma déi zwou Gewerkschafte versprieche sech, déi nächst Sozialwalen zesummen ze preparéieren.

Ma op d’UEL ass op d'mannst esou vill Verlooss wéi op d’Gewerkschaften, wann et drëms geet, ze eskaléieren. De President Michel Reckinger ënnerstellt hinnen dës Woch hei op der Antenn Putschabsichten: "Ech mengen, déi Haaptursaach vun dëser Manifestatioun ass, de Gouvernement zum Falen ze bréngen. Dat ass vun Ufank un d'Iddi gewiescht, fir vun deenen heiten, vun deenen zwou Gewerkschaften. Souguer bei der Presentatioun, wann Der Iech erënnert, vum Koalitiounsaccord huet Nora Back scho vu Gilets jaunes geschwat. Direkt duerno."

Vergiess, datt och mol d’Patrone mat 5 fir 12 oder Lëtzebuerg 2030 alles dru gesat hunn, fir Regimewiesselen erbäizeféieren. Ma de Michel Reckinger ënnerstellt de Gewerkschaften och eng komplett Blockadehaltung. "Si hunn [...] den Dësch vun de Verhandlunge verlooss. Firwat? Well si net iwwer Reforme schwätze wëllen, well si, fir si all Reform, eng oder fir si de Status Quo eng rout Linn ass. Dat heescht, si wëllen näischt änneren. Si wëllen, dass alles esou bleift, wéi et ass. An domadder komme mer net virun."

Woubäi jo d’Patronat genee esou rout Linnen huet. Zum Beispill Kotisatiounserhéijungen, och minimaler, bei de Pensiounen.

Ob d’Leit sengem Opruff, doheem ze bleiwen follegen, oder nach méi motivéiert op d’Strooss ginn, dat weist sech bei der Maniff e Samschdeg um 11 Auer.

Wéi koum et zum Broch tëscht Regierung a Gewerkschaften?
Fir e Samschdeg hunn déi zwou Gewerkschaften LCGB an OGBL zu enger grousser Maniff opgeruff, géint d’Sozialpolitik vun der Regierung.