D'Gewerkschaften OGBL an LCGB beroden um Méindeg de Moien, ob si den 9. Juli der Invitatioun vum Premier Frieden fir eng Sozialronn nokommen.

9. Juli "lescht Chance" fir Sozialkonflikt ze léisen / Reportage vum Anne Wolff

Deen hat e Samschden op der Tëlee gesot, hien hätt nach no der Maniff de Gewerkschaftspresidenten ugeruff, et wier een dialogbereet an et wier een oppen, iwwer all méiglech Pisten am Pensiounsdossier ze schwätzen. Dass hie Feeler gemaach hätt, wollt de Luc Frieden net stoe loossen.

D’OGBL-Presidentin Nora Back ënnersträicht am RTL-Interview, d’Gewerkschafte wéilten de Sozialdialog, ma dofir missten d’Sujete Kollektivverträg, Pensiounen a Sonndesaarbecht op den Dësch kommen.
 
Et géif een och net um Status Quo festhalen, mee "Verbesserunge fir all d’Leit" erreechen, an dat géif de Wuelstand vum Land fërderen. Eng "Ultra-Flexibiliséierung" vun den Ëffnungszäite wier de falsche Wee.

Fir si huet de Premier d’Manifestatioun erofgespillt, andeems en se mat de Covid-Maniffe verglach hat. E Samschde wiere 25.000 Leit op d’Strooss gaangen. D’Police schwätzt allerdéngs vun 12-14.000 Leit. D’Nora Back wonnert sech iwwert de Verglach mat de Covid-Demonstratiounen: "Mir haten e Samschden déi gréissten Demonstratioun, déi et zu Lëtzebuerg zanter de leschten 20 Joer ginn huet, an e puer Stonnen drop seet de Premier Minister 'et goufen ëmmer Demonstratiounen' an huet se mat de Covidzäite verglach. Wann e gläichzäiteg seet hie géif gär op Aenhéicht mat eis diskutéieren an da mir hätte just 25.000 Leit do gehat, wann en op e puer mol Nofroen ëmmer nees betount, d’Regierung hätt keng Feeler gemaach, dat sinn alles esou Zeeche fir eis, dass en de Message nach net richteg verstanen huet "
 
De Patrick Dury, President vum LCGB betount, wann d’Gewerkschaftsunioun den 9. Juli op déi Reunioun geet, dierft et duerno net nees Schnell-Schëss an der Kommunikatioun vu Regierungssäit ginn: "De Premier-Minister muss wëssen, dass en hei déi lescht Chance huet, fir e Sozialkonflikt vum Dësch ze huelen. De Bilan, dee mir musse maache vun dëser Regierung ass, dass op der enger Säit de soziale Fridden, d’Sozialkohäsioun hei am Land, scho bal futti gemaach ginn ass. Déi Relatioun mam Patronat, déi ass execrabel, dat ass keng Relatioun méi, et ass also ganz vill wat do muss gemaach ginn, fir dat erëm op déi richteg Bunn ze kréien."
 
Deemno missten d’Propose vun de Gewerkschaften am Pensiounsdossier diskutéiert ginn, an nieft Kollektivverträg a Sonndesaarbecht och d’Ëmsetze vun der europäescher Mindestloundirektiv. Do hat den Aarbechtsminister Georges Mischo iwwerluecht, d’Staatspaien aus dem Duerchschnëttssalaire erauszerechnen, da léich de Mindestloun iwwert de 50 Prozent vum Moyenne-Salaire am Land, an et misst een also net méi nobesseren, fir der Direktiv z’entspriechen. 
D’Gewerkschaftsunioun fuerdert och e schrëftlecht Engagement vum Premier, d’Kollektivverträg net ze schwächen. 
D’Gewerkschafte wiere bereet, bis um Äussersten ze goen, wann den 9.Juli en Echec géif. Wat dat wier, géif da kommunizéiert ginn.

UEL: Pensiounssystem net eleng iwwer Cotisatiounserhéijunge finanzéierbar 

De Marc Wagener vun der UEL, der Patronatssäit, betount, et hätt een a villen Dossieren eng ganz gutt Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften.

Kritesch ass hien awer bei der Fuerderungen no Cotisatiounserhéijunge bei der Pensiounsdebatt: "Eleng ze mengen, et kéint ee just iwwert eng Cotisatiounserhéijung de System retten an dann deene Jonken ze soen, dir hutt eng Perspektiv op eng Pensioun, dat schéngt eis ze kuerz gegraff. Mir ginn dohinner, mir presentéieren eis Proposen, ginn eisen Avis of zu Proposen, déi um Dësch leien. Mir erwaarden eis awer och, dass d’Gewerkschafte méi nohalteg a konstruktiv Léisungsusätz do proposéiere wéi just ze soen, mir ginn elo un d’Recetteschrauf dréinen". 
 
Ob elo den 9. Juli och d’Debatten iwwer Kollektivverträg a Sonndesaarbecht op den Dësch kommen, do ass d’Patronatssäit skeptesch, dat hätt jo näischt mam Pensiounsdossier ze dinn. Allerdéngs wier kloer, dass een och iwwert déi Theme schwätze misst.