Et gouf jo Kaméidi an der Gemeng Conter wéinst Mobbingreprochen. An deem Kontext muss den Aarbechter, dee fristlos gekënnegt gouf, nees agestallt ginn.

D'Kënnegung gëllt net, huet d'Cour d'Appel elo festgehalen.

An éischter Instanz war d'Demande vum laangjärege Gemengenaarbechter nach verworf ginn, fir d’Entloossung z’annuléieren. D'Argument deemools: Et kéint net bewise ginn, datt de Mann gekënnegt kritt hätt, well en eng Denonciatioun wéinst Mobbing gemaach hätt.

D’Appellsgeriicht gesäit dat anescht. De Mann, deen zanter 1996 op der Gemeng zu Conter geschafft huet, war am Dezember zejoert entlooss ginn. Hie muss dann och réckwierkend seng Pai bezuelt kréien an d’Gemeng muss ëm nees eng Plaz ginn. Eng zweet Persoun, déi an der Personaldelegatioun ass, hat och hir Aarbecht verluer, si war suspendéiert ginn. Well si Personaldelegéiert ass, ass d’Prozedur eng aner. Hei hat d’Geriicht am Mee scho festgehalen, datt déi Persoun weiderhin hir Pai muss kréien.

Den Aarbechter, deen elo viru Geriicht Recht krut, huet am Gemengenatelier geschafft. D’Personal aus deem Atelier hat sech am Februar, wéi de ganze Kaméidi nees en Thema an der Press war, an engem Schreiwes hannert de Schäfferot vun der Gemeng Conter gestallt. D'Aarbechtsklima hätt sech däitlech verbessert zanter deen Aarbechter net méi do wär. Elo hätt ee keng Angscht méi, fir schaffen ze goen.

Wéi gesot, huet d‘Appellsgeriicht elo decidéiert, datt dee Mann nees muss vun der Gemeng agestallt ginn.