Desinformatioun, Filterblos an Deepfakes

Den EDMO-Projet, zu deem RTL gehéiert, geet géint Fakenews, Desinformatioun a méi am Internet vir. E wichtegen Deel dovunner ass d'Opklärung!
Et ginn déi verschiddensten Aart a Weisen, wéi een am Internet kann ugeschmiert ginn. Dat geet vu Fakenews, wou ee falsch Tatsaachen als richteg virgegaukelt kritt, bis hin zu kriminellen Aktivitéiten, bei deene probéiert gëtt, den Affer d'Geld aus der Täsch ze zéien.
An eisem Projet "Safety First: Sécherheet am Internet" wäert RTL Iech an den nächste Méint eng Dose Videoe presentéieren, wou déi gängegst Methode gewisen an erkläert gëtt.
Am Kader vun eisem Kloertext "Informatioun sichen, Desinformatioun fannen?" hu mer déi éischt dräi vun dëse Videoe publizéiert: