E Mëttwoch am spéide Moien ass op en Neits eng Persoun op eng vun den RTL-Antennen zu Jonglënster geklommen, confirméiert eis d'Police op Nofro hin.

Leit, déi de Mann gesinn haten, hate sech géint 10.40 Auer bei der Police gemellt. Déi si mam CGDIS op d'Plaz gefuer. Um 11 Auer war d'Aktioun och schonn nees eriwwer. Wéi d'Wort och scho gemellt huet, ass de Mann vu sech aus nees erof geklommen. Wéi héich hien op de Mast geklomme war, konnte mer net gewuer ginn. De Mann gëtt den Ament um Policebüro gehéiert a muss mat engem Protokoll rechnen.

Am Abrëll war eng Persoun bis uewen an d'Spëtzt vun enger vun den Antenne geklommen. De Jugendleche gouf deemools an enger opwänneger Rettungsaktioun nees erofgeholl.