D'LSAP-Buergermeeschtesch Jacqueline Breuer huet en Donneschdeg an engem Schreiwes hir Demissioun bekannt ginn.

An hirem Demissiounsbréif erkläert d'LSAP-Politikerin hir Decisioun mat gesondheetleche Problemer, déi si drun hënnere géifen, hiert Mandat weider auszefëllen. Si wéilt hiert "Amt an d'Hänn vun enger motivéierter Ekipp leeën, déi am volle Besëtz vun hire Kräfte" ginn.

Als hire Successeur huet d'LSAP-Politikerin den 1. Schäffe Claude Mousel vun der DP proposéiert. D'Jacqueline Breuer freet an hirem Bréif, datt de Sandweiler Gemengerot hien als neie Buergermeeschter nominéiert. Si selwer wëll weider als Conseillère an der Gemengepolitik aktiv bleiwen.

Zu Sandweiler sollt et souwisou am September zu engem Wiessel un der Spëtzt kommen. LSAP an DP hate sech no de leschte Gemengewalen 2023 op e Splitting gëeenegt an no de leschte scho festgehalen, datt de Claude Mousel no 2 Joer d'Rudder vun der Jacqueline Breuer iwwerhuele sollt, déi d'Simone Massard-Stitz ofgeléist hat. Déi fréier CSV-Buergermeeschtesch hat bei de leschte Wale ferm Plomme gelooss.