Wéi d'Police mellt, hu si e Samschdeg den Owend respektiv an der Nuecht missen intervenéieren wéinst verschiddene Virfäll.

E Mann gouf festgeholl well e verdächtegt gëtt, mat zwee Komplizen engem Affer eng Auer geklaut ze hunn. Dat Ganzt war der Police no e Freideg de Moien an der Rue du Bois zu Stroossen geschitt. D'Polizisten haten no den dräi presuméierten Täter gesicht a kruten deemno een ze pëtzen, deen dunn op Uerder vum Parquet festgeholl gouf. 
 
Op en neits gouf déi lescht Stonnen vill aner Autoen agebrach.
 
Der Police no gouf et der Fäll zu Stroossen an am Stater Pafendall. A béide Fäll gouf d'Fënster vum Won ageschloen. Wat ee maache kann, fir dass een net an den Auto agebrach kritt, kann een um Site vun der Police noliesen. Wat sécher hëlleft, ass drun ze denken, keng Wäertsaachen oder Bores visibel am Auto leien ze loossen.

An et gouf och nees Fäll vun Alkohol am Stroosseverkéier.

Kuerz virun 20.30 Auer krut d'Police en alkoholiséierte Chauffer an der Rue Guillaume vu Rodange op Lasauvage gemellt. Eng Patrull huet de Won ausgemaach an ugehalen. En Otemtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

Géint 4 Auer dunn ass enger Patrull e Gefier am Park zu Déifferdeng negativ opgefall. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Chauffer alkoholiséiert wier. Och hei gouf no engem positiven Test de Fürerschäin ewcechgeholl.