Genuch ze di fir d'Rettungsdéngschter um Sonndeg am Nomëtteg.

Um 11.32 Auer war een Auto bei Esch an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Um 12.06 Auer ass och zu Esch am Boulevard Hubert Clement een Auto an e Potto gerannt. Derbäi goufen 2 Leit verwonnt.

Tëscht Habscht a Schweech war et um 15.23 Auer een Auto op der Kopp. Eng Persoun gouf blesséiert.

Op der Streck tëscht Kietscht an dem Riesenhaff krute  sech um 15.25 Auer 2 Autoen ze paken. 2 Persoune goufen hei verwonnt.

Um 15.59 Auer war et op der Maartplaz zu Réimech eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer. Kee gouf blesséiert.