Et gëtt weider Tensiounen op der Verwaltung vun der Gemeng Conter.

D'Gemeng wier obligéiert, e Mataarbechter ze reintegréieren, well en zu Onrecht entlooss gouf. Ma d'Administratioun géing refuséieren, dat ze maachen an hätt dee Mataarbechter an der Plaz an e Congé extraordinaire geschéckt.

D'Ekipp aus dem Conter Gemengenatelier reagéiert e Freideg de Mëtteg a gëtt ze verstoen, datt et fir déi meescht vun hinne net méiglech wier, fir ënnert hirem fréiere Chef ze schaffen.

De Gedanken, datt dee kéint zeréckkommen, géing fir Onrou an Angscht suergen a positiv Verännerungen zerstéieren, heescht et am Bréif, dee vu ronn 20 Mataarbechter ënnerschriwwe gouf.