25 Joer alen, staark alkoholiséierte Geeschterfuerer an Untersuchungshaft

Eng fatal Kollisioun e Sonndeg den Owend hat vill Froen opgeworf. E Freideg am Nomëtteg huet dunn de Parquet kommunikéiert.
Beim Geeschterfuerer handelt et sech ëm e 25 Joer ale Mann, dee vill ze vill zedronk hat – "fortement alcoolisé", schreift de Parquet. E wier beim Accident schwéier belsséiert ginn a kéim an Untersuchungshaft, esoubal säi Gesondheetszoustand dat géing erlaben.
Wat war geschitt?
E Sonndegowend koum et op der A7 tëschent den Tunnelle "Gousselerbierg" a "Miersch" zu engem déidleche Verkéiersaccident.
Géint 22.40 Auer waren hei zwee Autoen aneneegerannt. Ee vun den zwee involvéierten Automobiliste war dobäi als Geeschterfuerer ënnerwee an ass tëschent den Tunnelle mat engem anere Gefier zesummegestouss.
De Chauffer aus deem Auto, en 42 Joer ale Mann, ass dobäi nach op der Plaz u senge Blessure verscheet. Et handelt sech dobäi ëm de Museker "de Pascal vu Wolz".
De Geeschterfuerer koum schwéier blesséiert an d'Spidol, wou hien och nach ëmmer behandelt gëtt, dat confirméiert de Parquet e Freideg per Communiqué. Beim presüméiert schëllege Chauffeur handelt et sech ëm e 25 Joer ale Mann. Bei der Enquête huet sech erausgestallt, datt en den Ament vum Accident staark alkoholiséiert war. Esoubal säi Gesondheetszoustand et erlaabt, kënnt en dofir an Untersuchungshaft.
Béid futtis Autoe goufen an der Suite vum Accident saiséiert an d'Enquête ass weider um Lafen.
Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec un accident de circulation sur l’autoroute A7 le 13 juillet 2025
(18.07.2025)
Dimanche 13 juillet 2025, vers 22h45, un accident de la circulation s’est produit sur l'autoroute A7 entre les tunnels de Mersch et Gousselerbierg. Un conducteur circulant en sens inverse, qualifié de conducteur fantôme, a parcouru une certaine distance avant d’entrer en collision frontale avec un véhicule circulant dans le bon sens.
À la suite de cette collision, le conducteur circulant régulièrement sur l’autoroute, un homme âgé de 42 ans, est décédé sur les lieux de l’accident. Le conducteur fantôme, âgé de 25 ans, a été grièvement blessé.
L’enquête a révélé que ce dernier était fortement alcoolisé au moment des faits.
Le parquet de Luxembourg a requis l’ouverture d’une information judiciaire du chef d’homicide involontaire à son encontre. Il a été interrogé et inculpé le 16 juillet 2025 à l’hôpital par le juge d’instruction. Le conducteur précité a fait l’objet d’un mandat de dépôt. Il sera transféré au Centre pénitentiaire de Sanem (CPU) dès que son état de santé le permettra.
À ce jour, il n’a pas encore été possible de retracer avec exactitude le trajet emprunté par le conducteur fantôme.
L’instruction, comportant de nombreuses vérifications, est en cours.
Le principe de la présomption d’innocence est rappelé.