Wéi reagéiere bei Geeschterfuerer-Alarm? Wat weisen d'Cita-Biller?

Fatale Crash op der A7: Direkt hannert dem Tunnel Gousselerbierg an nach virun der Bréck mat der Opfaart "Kannerduerf" (virum Mierscher Tunnel) koum et zu der uerger Kollisioun, bei där eng Persoun hiert Liewe gelooss huet an eng aner schwéier blesséiert gouf.
No der fataler Kollisioun vum Sonndeg den Owend sinn nach ëmmer eng ganz Rëtsch Froen op. RTL huet sech op d'Sich no Äntwerte gemaach.
Virbemierkung: Nei an zousätzlech Informatiounen zu deenen an dësem Artikel fannt Dir hei.
Eng ganz schwaarz Woch op de Lëtzebuerger Stroossen: En Donneschdegowend hunn zwou Fraen, éischten Indikatiounen no no enger Pann, op der Areler Autobunn hiert Liewe gelooss. A wéi wann et e schlecht Omen gewiescht wier, war ewell eng Persoun um spéide Sonndegowend verscheet, no enger uerger Kollisioun op der Nordstrooss mat engem Auto, deen do net hätt dierfen an déi Richtung fueren.
"Tödlicher Unfall durch Geisterfahrer auf der A7" war eng Police-Informatioun (ouni Foto) e Méindeg de Moien iwwerschriwwen. Bis dohin hat kaum een eppes vun deem Drama matkritt, zu deem et Stonne virdrun op der Nordstrooss komm war. De CGDIS hat a sengem fréie Méindes-Bulletin just notéiert: 22:45 Auer – Kollisioun vun zwee Autoen op der A7 an Direktioun Friddhaff; am Asaz waren d'Zentere vu Lëntgen-Luerenzweiler, Miersch a Steesel, d'Ambulanze vum Findel, vu Lëntgen an aus der Stad grad ewéi den Ettelbrécker an de Stater Samu.
An déi falsch Richtung ënnerwee
Der Police no war dat hei geschitt: E Sonndeg den Owend géint 22:40 Auer krut si e Geeschterfuerer gemellt, deen op der Nordstrooss ënnerwee war. Op de Spuere Richtung Norden ass hie Richtung Süde gefuer. Tëscht den Tunnelle Miersch a Gousselerbierg koum et dunn zu enger fataler Kollisioun, déi en 42 Joer ale Mann vu Wolz net iwwerlieft huet. D'Affer, "de Pascal vu Wooltz", eng Ikon aus der Lëtzebuerger Punk-Rock-Zeen, ass nach op der Plaz gestuerwen, wat d'Musekszeen déif traureg gemaach huet.
Bal 6 Stonne war d'Autobunn tëscht Luerenzweiler a Miersch an der Nuecht op e Méindeg fir den Trafic gespaart, d'Police technique war op der Plaz, béid accidentéiert Autoe goufe saiséiert, iwwerdeems d'Persoun um Steier vum Geeschterfuerer-Auto schwéier blesséiert an d'Spidol komm ass.
Trauer a ganz vill Froen
Den Accident selwer an d'Schicksal vum "Pascal vu Wooltz" hunn d'Leit beréiert, dat ass dat mannst, wat ee ka soen. A méi wéi een huet sech d'Fro gestallt, firwat net méi iwwer d'Ëmstänn vum dramateschen Accident kommunikéiert gouf: Firwat ass guer näischt iwwer de Geeschterfuerer gewuer ginn? Firwat näischt doriwwer, op wéi enge Säiten d'Autoen ënnerwee waren? A kee Piipcheswuert doriwwer, wou deen trageschen Trajet op der falscher Säit ugefaangen huet.
Vu Ponts et Chaussées krut RTL confirméiert, datt den Accident tëscht dem Gousseler Tunnel an der Bréck mat der Opfaart "Kannerduerf" geschitt ass. Wien an deem Streech ënnerwee ass, gesäit op der Autobunn eng Plaz, déi wéi déi vun engem uergen Accident ausgesäit: De Buedem ass méi däischter, d'Leitplanke si getéitscht an et si giel Markéierungen drop.
Cita: Live-Biller ginn net opgezeechent
D'Fro, wou de Geeschterfuerer-Auto op d'Autobunn komm ass, ass bis ewell nach net offiziell beäntwert. D'Police krut e géint 22:40 Auer gemellt, du wier en op der Héicht vum Mierscherbierg ënnerwee gewiescht. Domat kéim d'Offaart Mierscherbierg a Fro, wou et allerdéngs e Rond-point gëtt, an deem den Auto sech dann hätt misse verfueren ... Deemno wéi kéim awer och d'Offaart Miersch/Recken a Fro, déi ganz kuerz virdrun ass. A wann een an der Mierscher Route d'Arlon ënnerwee ass, kann een déi Offaart duerchaus mat enger Opfaart verwiesselen.
Den Accident, dat betount d'Police op RTL-Nofro, ass ganz kuerz no der initialer Meldung geschitt. Dat schléisst awer net aus, datt de Geeschterfuerer scho méi laang op der A7 ënnerwee war - et sief, en hätt anzwousch Demi-tour gemaach. Opschloss kéinten hei d'Biller vum Cita-System ginn, mee, esou d'P.&Ch. an engem E-Mail un RTL: "D'Cita-Biller si just live a ginn net enregistréiert."
D'Enquête leeft ...
Natierlech leeft den Ament eng Enquête, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären – an aus deem Grond wëll d'Justiz aktuell net weider kommunikéieren. Et wier nach ze fréi, fir Konklusioune parat ze hunn oder fir eenzel Elementer matzedeelen, housch et e Mëttwoch de Mëtteg. Dat verhënnert awer net, datt d'Leit sech vill Froe stellen.
RTL huet och am Mobilitéitsministere nogefrot, wat fir eng Mesuren en place sinn, fir Geeschterfuerer ze verhënneren, wéi d'Prozedur ass, wann e Geeschterfuerer gemellt gëtt, an ob et Statistike gëtt, wéi dacks hei am Land een op der Autobunn an déi verkéiert Richtung ënnerwee ass.

Ass hei dee fatale Feeler geschitt? RTL-Informatiounen no wier et net ausgeschloss, datt de Geeschterfuerer duerch d'Offaart Miersch-Recken (am Bild lénks) de falsche Wee op d'Autobunn komm ass. / © Pierre Weimerskirch
Ëmmer nees gëtt och iwwer Infrastrukturmoossname geschwat, mat deenen ee Falschfuerer am Idealfall kéint verhënneren; am Fall vun Accidenter kéint dat awer fir d'Rettungsdéngschter problematesch sinn a bei Schantercher, wou den Trafic gären emol bidirektional leeft, wier dat méiglecherweis och vun Nodeel, vum Entretien net ze schwätzen. Dofir gouf bis elo op esou Mesure verzicht.
Am Fall wou ...
Eng Fro, déi sech sécher scho jiddereen emol gestallt huet, ass: Wéi reagéiert ee richteg, wann e Geeschterfuerer gemellt gëtt, oder wann esou een engem entgéintkënnt?
Et ass en absolutten Horrorzenario: All Joer ginn et Honnerte vun Alarmmeldungen iwwer Geeschterfuerer op europäeschen Autobunnen. Kënnt et zu engem Accident, sinn dës dacks déidlech, de Fall vum leschte Weekend weist et.
Wéi verhalen ech mech richteg?
Dem ADAC no gëtt et all Joer méi wéi 1.800 Geeschterfuerer-Meldungen eleng an Däitschland. A ville Fäll bleift et glécklecherweis just bei enger Warnung, mee ëmmer erëm féieren esou Fäll och zu schwéieren Accidenter.
Wien eng Meldung iwwer Radio héiert oder gesäit, dass e Gefier an déi falsch Richtung ënnerwee ass, soll direkt d'Vitess reduzéieren, op déi riets Spuer wiesselen an d’Winkeren umaachen.
Am beschten hëlt een déi nächst Sortie, fir sech aus enger potenziell geféierlecher Situatioun erauszehalen. An d'Police esou séier et geet, uruffen.
Wat maachen, wann ee selwer Geeschterfuerer ass?
Falls ee selwer an d'Situatioun kënnt, op der falscher Säit ze fueren, da gëllt: Direkt stoe bleiwen! D'Winkeren un, d'Luuchten un an den Auto op d'Säit stellen. Net zréckfueren oder probéieren ze dréinen, dat mécht d’Situatioun nach méi geféierlech. Da soll een d'Police uruffen an op weider Instruktioune waarden, esou schreift et den ADAC a senge Recommandatiounen.
Wéini geschitt et am heefegsten?
An Däitschland gëtt et Statistiken: Déi meescht Tëschefäll mat Geeschterfuerer sinn owes, nuets an um Weekend. Grad dann, wann d’Visibilitéit méi schlecht ass a manner Verkéier ass. Dacks fueren d'Chaufferen onbewosst eng falsch Opfaart erop.
Genee esou kéint et jo och e Sonndeg ze Owend an der Mierscher Géigend geschitt sinn: Et war spéit, et war Weekend an et war wuel net vill Trafic ... an d'Situatioun tëscht Tunnellen an an enger liichter Kéier mat enger Steigung huet vläicht och nach derzou bäigedroen, datt de Crash net konnt evitéiert ginn.
Wann d'Enquête bis ofgeschloss ass, dierft d'Ëffentlechkeet méi gewuer ginn.
___
Dir hutt eng Informatioun fir RTL? Schreift der Redaktioun, confidentiell: dossier@rtl.lu.