Jugendlecher ënner 15 Joer dierfen och an der Vakanz net schaffen

© Annie Spratt / Unsplash
Fir vill Jugendlecher ass e Studenten- oder Vakanzenjob déi éischt richteg Beruffserfarung. Domat kann ee sech e puer Sue dobäi verdéngen, mee a Grenzen.
Ob am Buttek, am Büro oder am Restaurant, d’Motivatioun ass grouss, sech e bëssen Onofhängegkeet ze erschaffen. A mat 16 an der Summervakanz schaffe goen ass näischt Neies. Mee wéi gesäit et mat de gesetzleche Kaderen aus? Wéi eng Reegele gëllen zu Lëtzebuerg, wa Mannerjäreger schaffe wëllen? A wat gëllt fir Jonker ënner 16 Joer? E Bléck op d’Reglementer weist: D’Gesetz schützt déi Jonk besonnesch strikt.
Strenge Kader fir déi ënner 18 Joer
Zu Lëtzebuerg gi Persounen ënner 18 Joer als "jeunes travailleurs" klasséiert an ënnerleien domat engem spezifesche Schutzregime. Dat bedeit net, dass se net schaffen dierfen, mee et muss a kloer definéierte Kadere geschéien. D’Gesetz differenzéiert hei tëscht Aarbecht wärend de Schoulvakanzen an engem offizielle Kontrakt am Laf vum Joer.
Jugendlecher dierfe vun hirem 15. Gebuertsdag u schaffen an e Vakanzenjob unhuelen. Heifir ass en dräifachen, schrëftleche Kontrakt obligatoresch: ee fir den Employeur, ee fir den Aarbechter selwer an ee fir d’Inspection du Travail et des Mines (ITM), déi iwwert d’Konditioune mussen informéiert ginn. De Kontrakt muss bannent siwen Deeg no Ufank vum Job bei der ITM deposéiert ginn. Elteren oder Erzéiungsberechtegter mussen och domat averstane sinn an dacks mat ënnerschreiwen.
D’Aarbechtszäiten an esou engem Fall si streng limitéiert. Mannerjäreger dierfen net méi wéi aacht Stonnen den Dag a 40 Stonnen d'Woch schaffen. Ausname sinn nëmme méiglech, wann et sech ëm eng temporär Spëtzenzäit handelt, dann dierf bis zu néng Stonnen den Dag geschafft ginn, mee ni méi wéi 44 Stonnen d’Woch. No véier Stonnen Aarbecht muss eng Paus vu mindestens 30 Minutten agehale ginn. Ausserdeem gëllt eng gesetzlech Rouzäit vun 11 Stonnen tëschent zwou Schichten, an all Woch muss eng Paus vu mindestens 44 Stonne garantéiert ginn.
Wat gëllt bei engem reguläre Kontrakt?
Wann e Jugendlechen ausserdeem e reguläre CDD-Job (Contrat à durée déterminée) unhuele wëll, zum Beispill no de Schoulzäiten oder Weekends, da muss hien op d’mannst 16 Joer al sinn a gläichzäiteg an enger Form vu Formatioun oder Ausbildung ageschriwwe sinn. Am Géigesaz zum Vakanzenjob ass hei d’Aarbecht wärend dem Schouljoer erlaabt, allerdéngs ënner nach méi strengen Zäitrestriktiounen: De Mannerjäregen dierf net méi wéi 15 Stonne pro Woch schaffen an d’Schoul dierf net drënner leiden.

© Envato
D’Bezuelung riicht sech an de meeschte Fäll nom net-qualifizéierte Mindestloun. Dëse läit Stand Juli 2025 bei 15,63 Euro d'Stonn respektiv 2.703,74 Euro de Mount. Mannerjäreger kréien awer just en Deel dovun.
Alter | Prozent vum Mindestloun | Loun pro Mount (Brutto) | |
17 - 18 Joer al | 80% | 12,50€ | 2.162,99€ |
15 - 17 Joer al | 75% | 11,72€ | 2.027,80€ |
Fir Vakanzenjobs gëlle vereinfacht sozialrechtlech Reegelen. Dat heescht et gi keng Contributioune fir Pensioun oder Krankekeess ofgezunn, mee eng Versécherung am Fall vun engem Accident muss vum Employeur ofgeschloss ginn. Fir CDD-Jobber gëllen déi normal gesetzlech Contributioune wéi bei all anere Salariéen.
Jonker ënner 15 Joer - Wat ass erlaabt?
Fir Jugendlecher, déi nach net 15 Joer al sinn oder nach der obligatorescher Schoulflicht ënnerleien, ass d’Aarbecht grondsätzlech verbueden. Et gi just ganz vereenzelt Ausnamen, zum Beispill fir kulturell oder kënschtleresch Aktivitéiten, wéi Theater, Musek oder Film, a just wa speziell Autorisatioune vum Aarbechtsministère virleien. Och hei muss een Elterendeel ausdrécklech zoustëmmen, an déi jonk Persoun däerf weder physesch nach psychologesch a Gefor bruecht ginn. Vun engem Job am gewinnte Sënn kann hei also keng Ried sinn. Souguer wann d’Kand gär hëlleft oder schafft, ass den Employeur gesetzlech dozou verflicht, dës Zesummenaarbecht ze refuséieren.
Net all Aarbecht ass erlaabt
Nieft dem Alter spillt och d'Aarbecht u sech eng wichteg Roll. Mannerjäreger dierfen net a geféierleche Beräicher schaffen. Dat heescht: keng Aarbechten, déi mat gëftege Produiten, schwéiere physesche Leeschtungen oder héijer Verletzungsgefor verbonne sinn. Och Nuetsschichten a Sonndesaarbecht si fir Jugendlecher normalerweis net erlaabt. Et ginn awer konkret Ausname fir bestëmmten Aktivitéiten, wéi Kultur oder Gastronomie.
Schaffen, mee mat Verantwortung
D’Gesetz zu Lëtzebuerg setzt kloer Grenze wann et ëm d’Beschäftegung vu Mannerjärege geet, an dat aus guddem Grond. D’Zil ass et net, d’Motivatioun vu jonke Leit ze bremsen, mee si ze protegéieren, sief et op der Aarbecht, a punkto Gesondheet oder Ausbildung. Et bleift d’Aufgab vum Patron, awer och vun den Elteren, drop opzepassen, dass déi gesetzlech Kadere respektéiert ginn.

© Envato
Fir déi Jonk selwer ass et wichteg, sech am Viraus gutt ze informéieren an ni e Kontrakt ze ënnerschreiwen, ouni genee gewuer ze ginn, wat d’Aarbechtskonditioune sinn.
Méi Informatiounen zum Aarbechtsrecht an Aarbecht fir Mannerjäreger fannt Dir bei der Chambre des Salariés a bei Jugendinfo.