"Dat, wat geschitt ass, ass schlëmm an et beweist, wéi fragil de System ass"
D'Evenementer bei der Post géing ee ganz eescht huelen. Et wier kloer, datt eng Rei Saachen net funktionéiert hätten.
Dat sot de Premier um Briefing nom Regierungsrot.
Och bei de Messagë vun LU-Alert misst gekuckt ginn, firwat verschidde Leit dës ganz spéit kruten.
D'Lektioune missten an eng Resilienz-Strategie integréiert ginn, sou de Luc Frieden.
Zum Beispill soll d'Fro gestallt ginn, firwat een um mobillen Telefon den Operateur net ka wiesselen an et misst ee kucken, datt d’Aläerten, déi eraus ginn, och fir jiddereen ze verstoe sinn.
Ob Leit ze schued komm wieren, doriwwer hätt hie keng Informatiounen, sou nach de Premier Luc Frieden. Generell gesi wier et lo ze fréi, fir Conclusiounen ze zéien.
Weider Sujeten um Briefing
Am Regierungsrot gouf donieft festgehalen, datt en Deel vun den Netzkäschten iwwerholl gëtt, fir d'Energiepräisser mëttelfristeg ze stabiliséieren. Minimum 3 Joer mat maximal 150 Milliounen Euro.
Op d'Kockelscheier kënnt e Space-Campus, mat ënner anerem dem Siège vun der Lëtzebuerger Space-Agence. Siwen Entreprisen hätte sech scho gemellt, fir hir Aktivitéiten do ze developpéieren.
Da gouf eng Strategie ugeholl fir dat automatiséiert respektiv autonoomt Fueren. Do wier et wichteg, datt eng adequat Gesetzgebung dat Ganzt encadréiert. Zum Beispill, fir d’Responsabilité civile ze klären. Dës soll a sechs bis zéng Méint prett sinn.
D'Regierung mécht den dréngenden Appell, datt humanitär Hëllef an d'Gaza-Sträif eragelooss gëtt. Do géing géint internationaalt Recht verstouss ginn. E stabille Fridden an eng Zwou-Staate-Léisung missten elo séier envisagéiert ginn.
D'Verhandlunge mat den USA iwwer Douanes-Tariffer wieren immens schwiereg, sou nach de Staatsminister. Et géing een all Schrëtt vun der EU ënnerstëtzen, fir datt et där keng ginn oder datt se sou niddereg wéi méiglech solle sinn.
D’Regierung huet ausserdeem gréng Luucht ginn, fir 100 Milliounen Euro zu enger Augmentation de capital vun hirem Joint-Venture mat der SES bäizesteieren. Luxgovsat soll domat d’Moyene kréien, fir en zweete Kommunikatiounssatellit ze kafen, dee fir militäresch Zwecker genotzt ka ginn. Dat wier Deel vum nationalen Defense-Effort.
Doriwwer eraus hätt een eng déifgräifend technologieneutral Reform vun der Mediëreglementatioun ugeholl, déi alle Medien déi nämmlecht Responsabilitéite gëtt, egal wéi si hir Nouvelle publizéieren. Gläichzäiteg hätt een den Aufgabeberäich vun der Supervisiounsautoritéit ausgebaut, fir dëser Reform Rechnung ze droen. Bis elo war d’Alia just fir déi audiovisuell Medien, wéi Radio an Tëlee, zoustänneg.