Neie 50-Meter-Baseng a Schwämm vu Veianen offiziell op
Wärend de klenge Baseng schonn am Summer 2024 rëm vun de Visiteure konnt genotzt ginn, sinn d'Aarbechten um 50-Meter-Baseng elo réischt ofgeschloss.
D'Schwämm zu Veianen ass eng vun den oppene Schwämmen hei am Land, déi am Summer gäre besicht gouf. Wéi et am September 2019 zu Virfäll koum, gouf d'Piscine gespaart an herno huet ee festgestallt, dass d'Infrastrukturen net méi konform waren.
Den deemolege Schäfferot hat deemools decidéiert, d'oppe Schwämm réischt erëm opzemaachen, wann d'Infrastrukture komplett renovéiert goufen. Dat ass dunn ënnert dem neie Buergermeeschter François Weyrich geschitt, esou dass een am Summer 2024 no 5 Joer Paus wéinstens en Deel vun der Schwämm rëm fir de Public opgemaach gouf. Allerdéngs goufen d'Entréeën op just ronn 500 Visiteure limitéiert am Verglach zu de knapp 1.500 Waasserraten, déi sech virun 2019 bei waarme Summerdeeg hei versammelt hunn.
No weideren Aarbechte gouf dann dësen Donneschdeg offiziell den neie 50-Meter-Baseng ageweit. Fir dat ze feieren, huet d'Stad Veianen op e Patt agelueden, wou och den delegéierte Minister fir Tourismus Eric Thill deelgeholl huet. Och wann d'Wieder den Ament net richteg matspillt, d'Schwämm vu Veianen ass elo rëm prett fir all Visiteur. A vun e Freideg u kann een dann och rëm seng 50-Meter-Bunne schwammen.
Fir d'Sécherheet vun de Visiteuren ze garantéieren, mussen natierlech och genuch Rettungsschwëmmer, respektiv Schwammmeeschteren um Site sinn. Scho laang am Viraus hat Veianen dofir en Opruff gemaach, ma et koumen awer net genuch Demanden eran. Dofir huet ee kuerzfristeg decidéiert, Gemengepersonal ze forméieren an dës als Rettungsschwëmmer anzesetzen.
Fir d'Sécherheet ass also gesuergt, an nodeems d'Bändchen duerchgeschnidde gouf, huet ee vun de Visiteure sech och direkt an de Baseng getraut. D'50-Meter-Becken ass also offiziell op. Den neie Baseng huet 4,8 Milliounen Euro kascht. Den Tourismus-Minister Eric Thill huet a senger Ried matgedeelt, dass 70 Prozent vum Stad subventionéiert gëtt.
An Zukunft soll dann och dat klengt Becken duerch e Baseng aus Innox ersat ginn, an e Spray-Park soll nach dobäi kommen.