En Donneschdegowend sinn d'Ekippe vum CGDIS net manner ewéi fënnef Mol an den Asaz geruff ginn.

Eng éischte Kéier war dat géint 18.50 Auer um CR176A tëscht der Zowaasch an Nidderkuer de Fall. Hei goufen dräi Persoune blesséiert, wéi en Auto accidentéiert ass. Op der Plaz waren d'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng, vu Péiteng a vun Diddeleng, grad ewéi d'Pompjeeë vu Péiteng.

Um 19.18 Auer gouf dann eng Persoun blesséiert, wéi sech op der N21 tëscht Nidderfeelen a Mäerzeg zwee Autoen ze pake kruten. D'Ambulancieren aus der Nordstad a vu Réiden an d'Pompjeeë vu Feelen waren hei am Asaz.

Kuerz no 21.30 ass dann en Auto op der N17B tëscht Furen a Bettel an e Bam gerannt. D'Ambulancieren aus der Nordstad an d'Pompjeeë vun Tandel goufen hei op d'Plaz geruff.

Knapps zéng Minutten drop huet dann an der Rue St. Ulric an der Stad an enger Kiche gebrannt. D'Stater Pompjeeë goufe geruff an d'Ambulancieren aus der Stad hu sech ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.

Um 23.08 Auer huet sech dann en Auto zu Konsdref iwwerschloen. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vun Iechternach an d'Pompjeeë vu Konsdref waren op der Plaz.