Fréiert SEBES-Gebai kritt Denkmalschutz

© Marc Hoscheid
Duerch déi deelweis Klasséierung kéint hei eng Zort Waassermusée entstoen.
Wann een aus Esch-Sauer eraus a Richtung Lëlz fiert an de Bierg eropkuckt, muss ee scho bëssi méi genee kucken, fir d'Gebai tëscht de Beem ze gesinn, op alle Fall am Summer. Ma d'Gemeng Esch-Sauer an och den Naturpark Öewersauer hunn op alle Fall net wëlles, de fréiere SEBES-Siège ze verstoppen. Ganz am Contraire, den Naturpark géing gären ee "Waasserentdeckungszentrum" opbauen an zu Esch-Sauer fënnt een, datt sech dat alt SEBES-Gebai dofir eegne géing.
SEBES wëllt spéider zeréck op Esch-Sauer plënneren
Beim Drénkwaassersyndikat ass ee vun där Iddi awer angeblech net begeeschtert. Obwuel ee réischt virun zwee Joer an déi nei Raimlechkeeten op Eschduerf geplënnert ass, plangt een nämlech schonn ee Retour op deen ale Site. Et géing der Logik vun der Nohaltegkeet entspriechen, datt een an Zukunft an engem gewësse Rhythmus vun e puer Joerzéngten ëmmer tëscht deenen zwee Sitten hin an hier pendelt. Éier déi technesch Installatiounen op där enger Plaz un hier d'Liewensenn kommen, gëtt op där anerer Plaz mam Bau vun enger neier Opbereedungsanlag ugefaangen. Dofir mussen déi al Raimlechkeeten awer fir d'éischt ofgerappt ginn, wat natierlech net geet, wa se ënnert Denkmalschutz stinn.
Ma d'Gemeng Esch-Sauer huet beim Kulturministère eng Klasséierung als Monument national ugefrot a wéi et vum Ministère op Nofro hin heescht, datt een där Ufro och entsprieche wäert. Op d'mannst zum Deel, et wäert nämlech "just" d'Haaptgebai klasséiert ginn. Dat dierft awer schonn duergoen, fir de Spillraum vum SEBES massiv anzeschränken. Beim SEBES wollt een iwwerdeems net op Froen zum Thema äntweren.
Et gëtt schonn eng Ausstellung iwwert Waasser zu Eschduerf
De Kulturministère wäert elo den Ëmweltministère per Courrier iwwert seng Decisioun informéieren. Dësen ass den Uspriechpartner fir d'Gemeng Esch-Sauer respektiv den Naturpark Öewersauer, wann et ëm d'Ariichte vun engem Waasserentdeckungszentrum geet.
Fir d'éischt wäert ee Konzept ausgeschafft ginn, woubäi ee sech un de Maisons de l'eau, wéi se a Frankräich existéieren, orientéieren dierft. Sollt d'Konzept wierklech am fréiere SEBES-Gebai realiséiert ginn, misst et de Contrainten, déi duerch eng Klasséierung entstinn, Rechnung droen. An den neie Raimlechkeete vum SEBES gëtt et iwwregens eng Ausstellung iwwert d'Waasser am Allgemenge mat engem Fokus op d'Drénkwaasser. Dat dierft wuel och ee Grond dofir sinn, datt een d'Pläng vun enger Zort Musée am ale Gebai éischter kritesch gesinn dierft.
Kulturministère bleift hannert de Fuerderunge vun der COPAC zeréck
D'Decisioun vum Kulturministère, dat fréiert Haaptgebai vum SEBES als Monument national ze klasséieren, berout zu engem gudden Deel um Avis vun der Commission pour le patrimoine culturel, kuerz COPAC. An deem Avis schwätzt d'COPAC sech esouguer fir d'Klasséierung vun dräi Gebaier vum fréiere SEBES-Site aus.