Vun 2027 u mat staatlecher Bedeelegung
Gréng Luucht fir Transformatioun vum Transport-Syndikat TICE

© RTL (Archiv)
De Mobilitéitsministere huet e Freideg annoncéiert, datt aus dem Gemengesyndikat vun der TICE ee Syndikat mat staatlecher Bedeelegung soll ginn.
D'Schäfferéit aus de concernéierten néng Süd-Gemengen hu via délibération échevinale Gréng Luucht gi fir eng Transformatioun vum Transport-Syndikat TICE. Aus dem Gemengesyndikat soll bis 2027 e Syndicat mixte mat staatlecher Bedeelegung ginn.
De Staat steiert da fir déi 10 Joer dono 700 Milliounen Euro bäi an d'Gemengen 150 Milliounen Euro. Déi legislativ Prozedur dierft nächst Joer lancéiert ginn. Dat deelt de Mobilitéitsministere mat.
Am meeschte gelies