Am Laf vum Freidegowend goufen zwee Vëlosfuerer op eise Stroosse bei Accidenter blesséiert.

Um 17.45 Auer gouf e Cyclist an der Hollerecher Strooss an der Stad vun engem Bus erwëscht a blesséiert. D'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus der Stad waren hei am Asaz.

Géint 19.30 e Freidegowend krut dann en Trakter e Cyclist zu Leideleng ze paken. Nieft de Pompjeeë vu Leideleng an aus der Stad waren d'Ambulanciere vu Beetebuerg op der Plaz.