Creos deelt mat
E Probleem mat engem Kabel huet zu enger Stroumpann am Süde gefouert

© Envato
E Samschdegmoien ass et am Süde vum Land zu enger gréisserer Stroumpann komm.
Dat hat d'Creos RTL kuerz no 10.30 Auer op Nofro hi confirméiert. Am fréien Nomëtteg huet den Netzbedreiwer dann an engem Schreiwes weider Detailer zu der Pann ginn. Deemno wier e Probleem mat engem Kabel vu mëttlerer Spannung den Ausléiser gewiescht.
Fréiseng, Helleng, Peppeng a Beetebuerg wiere vun 10 Auer un ouni Stroum gewiescht. Vun 11.20 Auer un wier de Stroum dann an no nees normal gefloss.
Am meeschte gelies