Asaz vum Samu
Accident am Tunnel Houwald op der A1

© RTL
E Samschdegmoien ass et op der Tréier Auto an Direktioun Tréier zu engem méi uergen Accident komm.
Am Tunnel Houwald gouf eng Persoun blesséiert, wéi en Auto accidentéiert ass. Nieft de Stater Pompjeeën an deene vun Hesper waren d'Ambulancieren aus der Stad an de Samu aus dem Spidol Robert Schuman um Kierchbierg op der Plaz.
Kuerz no 14 Auer mellt de CGDIS op der selwechter Plaz e weideren Tëschefall, well am Tunnel Houwald hat en Auto gebrannt. D'Rettungsekippen aus der Stad waren am Asaz, blesséiert gouf keen.
Am meeschte gelies