E Freidegowend respektiv an der Nuecht op e Samschdeg sinn der Police dräi Chauffere wéinst hirem Fuerstil opgefall.

Géint 22.30 Auer e Freidegowend hat e Chauffer zu Ettelbréck engem Policeauto d'Virfaart geholl. D'Beamten hunn de Mann doropshin ugehalen an e kontrolléiert. Den Alkoholtest war Positiv an et gouf e Protokoll erstallt.

Géint 1 Auer e Freidegmoien ass de Beamte vun der Police dann en anert Gefier zu Ettelbréck opgefall. Dëst ass vum Trottoir an d'Strooss gefuer, wéi et schéngt, ouni dass d'Fuererin dobäi op de Verkéier opgepasst huet. Wéi d'Beamten d'Gefier kontrolléiert hunn, ass hinnen opgefall, dass dëst vir an hannen ënnerschiddlech Nummereschëlder hat. D'Beamten hunn d'Chassisnummer iwwerpréift an et huet sech erausgestallt, dass d'Gefier net méi zougelooss war. Ausserdeem konnt d'Fuererin kee valabele Fürerschäi virweisen, a si war ënnert dem Afloss vun Alkohol an Drogen. D'Gefier gouf doropshi saiséiert, d'Fuererin gouf protokolléiert.

Ronn eng Stonn méi spéit ass dann enger Patrull zu Gréiwemaacher e Gefier opgefall, dat am Zickzack ënnerwee war an dobäi e puer Mol bal an d'Hecken, déi laanscht d'Strooss stoungen, gerannt ass. Och hei war den Alkoholtest positiv. De Chauffer krut de Fürerschäin op der Plaz ofgeholl an et gouf e provisorescht Fuerverbuet verhaangen.