Géint 21.45 Auer e Samschdegowend ass tëscht dem Zéissenger Kräiz an der Sortie Leideleng-Nord op der A4 an Direktioun Esch e Motocyclist gefall.

D'Stater Pompjeeën an Ambulanciere waren op der Plaz, fir sech ëm dee blesséierte Motosfuerer ze këmmeren.

Scho géint 20.25 Auer sinn iwwerdeems d'Veianer Pompjeeën an den Asaz geruff ginn. Dat well et an der Rue de la Gare zu Veianen an enger Buedzëmmer gebrannt huet. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.