Hausbewunner erwëschen Abriecher an eng alkoholiséiert Persoun op de Schinnen

© RTL
E Samschdegmoie gouf d'Police op Réid geruff. Kuerz virun Hallefnuecht gouf et dann en Asaz op der Stater Gare.
Géint 9 Auer Moies krut d'Police zwou Persoune gemellt, déi géife versichen, an en Haus an der Réimecher Strooss zu Réid anzebriechen. Dës hate probéiert, iwwer eng Balconsdier an d'Haus anzedréngen, goufen dobäi allerdéngs vun de Bewunner iwwerrascht. D'Brigange sinn doropshi fortgelaf. Si konnten allerdéngs no kuerzer Zäit vun der Police gestallt ginn. D'Beamten hunn hir Donnéeën opgeholl an et gouf Protokoll erstallt.
Kuerz viru Mëtternuecht gouf der Police dann eng staark alkoholiséiert Persoun gemellt, déi op der Stater Gare iwwer d'Schinne vum Zuch géing lafen. Wéi d'Beamten de Mann kontrolléiert hunn, huet dëse sech opgereegt a wollt sech dann och net méi berouegen. Well hien opgrond vu sengem alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner war, koum hien no enger medezinescher Kontroll duerch en Dokter an den Arrest.