D'Police huet eng Partie Fürerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn

Um fréie Sonndegmoie sinn der Police zwee Chauffere wéinst hirem Fuerstil opgefall.
Dat war eng Kéier géint 2 Auer an der Avenue John F. Kennedy zu Angelduerf de Fall. Hei huet e Chauffer säi Gefier am Zickzack iwwer d'Strooss gesteiert an ass dobäi e puer Mol op d'Géigespuer geroden. Wéi d'Beamte vun der Police de Mann kontrolléiert hunn, huet dëse staark Zeeche vun Alkoholkonsum ugewisen. Den Alkoholtest war dann och positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Géint 6.30 Auer ass enger Patrull vun der Police dann e Gefier opgefall, dat zu Diddeleng ze séier an ouni ze bremsen iwwer eng Kräizung gefuer ass. D'Beamten hunn d'Verfollgung opgeholl a konnten d'Gefier schliisslech an der Route de Kayl stoppen. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.
Iwwerdeems huet d'Police am Laf vum Samschdeg a vu Sonndeg eng Partie Alkoholkontrollen op Uerder vum Parquet gemaach. Dat op verschiddene Plazen an der Stad an zu Alzeng. 173 Chauffere goufen am Ganze kontrolléiert. A siwe Fäll war den Alkoholtest positiv. Bei sechs Chauffere gouf e Procès-verbal an d'Weeër geleet an an engem Fall gouf et en Avertissement taxé. Véiermol gouf de Fürerschäin op der Plaz agezunn.