Eng weider Hal a finanziell Hëllef wär néideg, fir d'Material ënner Daach ze bréngen an ze restauréieren. 

Am fréieren Tramsschapp huet d'Sammlung vun ale Pompjeesgefierer ugefaangen. "Den éischten, deen erakomm ass, war en LF (Löschgruppenfahrzeug) vun de Pompjeeë vu Rëmeleng. No an no huet dat sech ronderëm geschwat am Land an et sinn ëmmer méi Leit komm, wou Ween ausgemustert gi sinn a sech un eis gewannt hunn, fir ze verhënneren, dass dës al Gefierer verschrott ginn", sou de Raymond Brausch, e fréiere Beruffspompjee an elo Idealist fir dës Erënnerungen oprecht z'erhalen.

Well deemools den Tramsschapp ofgerappt gouf, goung et mat Sak a Pak an dat aalt Stater Schluechthaus. "Am Schluechthaus selwer stoungen d'Gefierer op 5 Millimeter een nieft deem aneren. Doduerch koumen Téitsche bäi. Et war net déi ideal Léisung". Dëst erzielt de passionéierte Sammler am RTL Interview. 
 
Duerno goung et op Schëndels fir no 3 Joer an der Fourrière vun der Police zu Colmer-Bierg en Ënnerdaach fir dës al Pompjeesautoen ze kréien. Op dëser Plaz blouf ee wärend 25 Joer. "An all där Zäit huet sech vill Stëbs op de Ween forméiert". 

Zanter ronn 5 Joer ass Maarnech dat neit Doheem vun dësen historesche Ween. Et ass dat fréiert RTL-Gebai, wou de Mëttelwellesender doheem war. Hei sinn elo eng 40 al Pompjeesgefierer, 30 Unhänger an eng Waasseropbereedungsanlag vun der Protection Civile ënnerbruecht. "Mir hu Ween vun der Protection Civile, déi nach aus dem Krich kommen", sou de Raymond Brausch. 

De passionéierte Sammler Raymond Brausch
Den eelste Won deen een zu Maarnech gesäit, ass aus dem Joer 1938. Et ass en Auto vun den Diddelenger Pompjeeën.

Den eelste Won, deen een zu Maarnech gesäit, ass aus dem Joer 1938. Et ass en Auto vun den Diddelenger Pompjeeën. "Do ass eng Vollrestauratioun néideg. D'Mais hu sech an all deene Joren do wuelgefillt an déi ganz Sëtzer sinn zerfriess. Dat kann ee flecken. Allerdéngs brauch een dofir Suen", sou de Raymond Brausch. 
An der Sammlung ass awer aktuell och e Pompjeesauto mat der längster Leeder am Land.

De passionéierte Sammler Raymond Brausch
"Eise Grupp dat sinn e lauter Idealisten. Virun allem Leit aus der Géigend vu Weller – Pëtscht", sou de fréiere Beruffspompjee am RTL-Gespréich.

"Eise Grupp dat sinn e lauter Idealisten. Virun allem Leit aus der Géigend vu Weller – Pëtscht", sou de fréiere Beruffspompjee am RTL-Gespréich. "Wéi d'Reform komm ass, hu vill Pompjeescorpse sech bei eis gemellt an hunn dat ganzt Geschier bei eis ofginn. Soss wär dat alles ewechgeflunn". 
 
"Historesch Rettungsgefierer- Depot Maarnech", sou nenne si sech. Bei Ufro ass eng Visitt vum Site mat den ale Pompjeesgefierer och méiglech.