Alkoholiséierte Chauffer méiglecherweis mat gefälschtem Fürerschäin ënnerwee

Um Sonndeg, grad ewéi an de fréie Moiesstonnen um Méindeg, huet d'Police nees eng Partie Fürerschäiner mussen anzéien.
E Sonndeg de Moien ass enger Policepatrull zu Stengefort en Automobilist opgefall, dee mat de grousse Luuchten duerch d'Duerf gefuer ass. Wéi d'Beamten de Chauffer kontrolléiert hunn, gouf et däitlech Unzeechen, dass dësen ze vill gedronk hat, wat och duerch en Alkoholtest bestätegt gouf. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt. Dobäi koum awer nach de Verdacht, dass de Fürerschäi kéint gefälscht sinn. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto séchergestallt an e Protokoll geschriwwen. Domadder awer nach ëmmer net genuch. Den Automobilist war alles anescht wéi kooperativ an um Enn gouf et och nach e Protokoll wéinst Beamtebeleidegung.
E Sonndeg de Moien ass op der A13 e Motocyclist negativ opgefall, well en d'Riicht op der Strooss net behale krut. Den Alkoholtest war positiv an e Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Och e Sonndeg den Owend gouf zu Conter e Gefier gemellt, dat am Zickzack ënnerwee wier. Eng Policepatrull konnt de Chauffer kuerz duerno stoppen a kontrolléieren. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Chauffer huet net dierfe weiderfueren.
Um Méindeg an de fréie Moiesstonne krut d'Police en alkoholiséierte Chauffer op engem Parking an der Lonkecher Strooss zu Bartreng gemellt. De Mann hat kee Fürerschäi bei sech an en Alkoholtest huet e refuséiert. Als Konsequenz gouf och an dësem Fall a Fuerverbuet decidéiert.