Wéi d'Police schreift gouf et e Sonndeg zu Märel an am Gronn en Abroch an een Abrochversuch. A béide Fäll konnten d'Täter net gestallt ginn.

Am Nomëtteg hate sech Persounen Zougang zu engem Eefamilljenhaus zu Märel an der Rue Louis XIV verschaaft an dëst duerchwullt. D'Täter konnten allerdéngs net identifizéiert oder fonnt ginn.

Owes gouf dann an der Rue du Prague am Stater Gronn eng Fënster futti geschloen, fir an een Eefamilljenhaus anzebriechen. Wéi d'Täter awer gemierkt haten, datt d'Bewunner vum Haus doheem waren, hu si sech duerch d'Bascht gemaach. Och hei konnten d'Persounen net gestallt ginn.

An deenen zwee Fäll lafen d'Ermëttlungen nach. D'Police mécht dann och nach eemol de Rappell mat Tuyauen, wéi ee sech preventiv géint Abréch schütze kann. Dës fannt Dir um Site vun der Police.