Mann krut d'Auer ofgeholl
Zeienopruff no Iwwerfall zu Péiteng, 2 Täter gi gesicht

Um Freideg koumt et géint 11 Auer net wäit vum "Kuerbuttek" zu Péiteng zu engem Iwwerfall.
Déi zwee Täter waren tëscht 18 a 25 Joer al, hunn d'Affer mat engem Messer menacéiert, hunn hir d'Auer ofgeholl a sinn an zwou verschidde Richtunge fortgelaf. Ee vun hinnen ass Direktioun Kreesverkéier "Op der Millen / Wax" geflücht, deen anere Richtung Sportshal.
Dem Affer no wier hir kuerz virum Iwwerfall e Mann mat engem Hond entgéintkomm. Och sinn zwee Cycliste laanscht d'Affer gefuer.
Dës Persounen an all aner Zeie solle sech mellen op der Nummer (+352) 244 56 1000 oder iwwer E-Mail Police.BASCHARAGEPETANGE@police.etat.lu
Am meeschte gelies