Fedil kritiséiert Handelsaccord tëschent EU an USA

© AFP
Den Handelsaccord tëscht den USA an der EU stellt d'Lëtzebuerger Industrie zu engem groussen Deel net zefridden.
Och wann d'kommerziell Tensioune géingen ofhuelen. Ewéi d’Fedil e Méindeg per Communiqué matdeelt, géing den Accord konkret negativ Konsequenzen op d'Liwwerketten an Drock op d’Präisser op béide Säite vum Atlantik mat sech bréngen. Den Taux vu 15 Prozent Taxen op Importer aus der EU wier nämlech däitlech méi héich ewéi d’Tauxe virun Abrëll. Besonnesch besuergt ass d’Lëtzebuerger Industrie, datt d'Taxen op Stol- an Aluminiumimporter aus der EU fir den Ament bei 50% bleiwen, bis sech USA an EU iwwert e Quote-System eens ginn.
E puer Punkten am Accord berouegen awer d'Fedil, dorënner deen, datt de Loftfaartsecteur net taxéiert soll ginn an den Taux op den Autossecteur net méi 27,5, mee 15% géing taxéiert ginn. D’Fedil warnt dann awer och, datt däitlech méi Gidder riskéieren, aus anere Länner an d’EU exportéiert ze ginn a rifft d’EU-Kommissioun op, ugepasste Mesuren z'ergräifen.