Cyberattacken opschaffen ass eng "Sisyphus-Aarbecht"
Et war um Enn also dach eng Cyberattack, déi fir déi grouss Panne bei der Post de leschte Mëttwoch responsabel war.
D’Pann huet d’Telecommunikatioune bei der Post esou ferm perturbéiert, datt och d’Rettungsdéngschter an d’Labrente koumen.
Den Impakt hätt gewisen, datt et den Ugräifer drëm gaangen ass datt de System net méi soll funktionéieren an net Donnéeën ze klauen, esou den Direkter vum House of Cybersecurity, de Pascal Steichen am RTL-Interview. A sengen Ae wier schonn eng grouss Attacke gewiescht, well d’Telekommunikatiounsservisser wieren eigentlech gemaach fir permanent ze funktionéieren an hätten "Fallback"-Systemer.
Wien d’Post cibléiert huet a firwat ass nach net genee bekannt. Den Direkter vum House of Cybersecurity warnt, datt d’Analysen och länger Zäit wäerte brauchen: "Eis technesch Welt, eisen Internet, eis digital Plattforme sinn iwwert déi lescht Joerzéngten op Couchen opgebaut ginn." Hien erkläert, datt d’Spezialiste fir déi verschidde "Couchen", déi eenzel "Couchen" an eventuell Verbindunge mussen analyséieren. Eng "Sisyphus-Aarbecht", esou de Pascal Steichen.
"Dausenden” Attacke pro Joer
D’House of Cybersecurity steet Betriber no Cyberattacken zur Säit. De Pascal Steichen schwätzt vun "Dausende" Fäll pro Joer hei am Land. 30 bis 40 wiere gréisser Attacke gewiescht, mee just eng bis zwou wieren ëffentlech bekannt ginn, "well kee wëll, datt et public gëtt."
Déi meescht Attacke géinge vu Russland oder China - souzesoen - "gesponsered". Et wier een awer net ëmmer sécher wien ugegraff huet, well en Hacker iwwert en anert Land seng Attacke géing maachen.
An deene meeschte Fäll wier d'Motiv hannert esou Attacken ee wirtschaftlecht, notamment wann Donnéeë geklaut ginn. An anere Fäll wier et geopolitesche Fäll an da géing et "Hacktiviste" ginn. Leit, déi fir hir eege "Gloire" géinge maachen.
Post schwätzt vun "avancéiertem a sophistiquéiertem" Niveau
Den Dag no der Pressekonferenz vun der Post, zwee Deeg no der Pann also, gouf de Public per Communiqué gewuer, datt et dach eng Cyberattacke war. An zwar eng op "avancéiertem a sophistiquéiertem" techneschen Niveau. D’Operatioun hätt eng Schwaachstell an der Software, also dem informatesche Programm ausgenotzt. Méi genee an engem "Composant standardisé".
Den Dag nom Incident louchen, dem Direkter vun der Post Claude Strasser no, nach keng Hiweiser dofir um Dësch.