RTL huet mat der Police a mam Proprietär vun der Wiss geschwat
Eng illegal Rave-Party zu Hengescht huet leschte Weekend fir vill Onrou an e grousse Policeasaz gesuergt.
Wéi de Parquet vun Dikrech via Communiqué matgedeelt huet, goufen an deem Kontext 2 Persoune festgeholl. RTL huet mat der Police an mam Proprietär vun der Wiss geschwat:
Um 23 Auer Owes krut d'Police leschte Freideg gemellt, datt aussergewéinlech vill Verkéier zu Hengescht wier. Well et zu deem Ament awer schonn däischter war an uewen an der Uertschaft näischt ze héiere war, gouf decidéiert bis Moies ze waarden, fir ze kucken, wéi ee virgeet. Moies huet ee sech dunn en Iwwerbléck verschaaft. Den Alain Engelhardt, Generaldirekter Adjoint bei der Police, erkläert, datt ee versicht huet, Kontakt mat de potentiellen Organisateuren opzehuelen:
"Do si mer relativ staark feindseeleg an Empfang geholl ginn. Do war och wéineg Kommunikatioun méiglech. Mir hunn hinnen awer gesot, si missten de Site verloossen. An do drop hu mir eis dann erëm zréckgezunn, fir hinnen Zäit ze ginn, fir hir Saachen anzepaken an ze goen. Dat huet awer duerno eng Zäit gedauert. Mee wéi gesot, do si mer relativ op Hostilitéit getraff bei där Kontaktopnam."
Iwwer 100 Beamte waren am Asaz, fir déi ronn 500 Partygäscht vum Site ze kréien:
"Eis uniforméiert Beamte ware sur Place awer och Leit vun der Spezialunitéit. Eis Hondsmeeschter waren do. Mir waren mat enger ganzer Panoplie vertrueden, fir déi Situatioun ze reegelen."
D'Wiss ënne bei der Our läit an enger Natura2000-Zon:
"An dofir ass et dann och am Laf vum Nomëtten an Owend och zu de Saisie komm vu Camionnetten a vu Camionen, mat deene se do ënne woen, wou do d'ganz Bünematerial, d'Lautsprecher, Mëschpult an esou weider drop waren."
Fir de Bob Simon, de Proprietär vun der Wiss, huet d'Police richteg agéiert. Och nach Méindes loung allerdéngs vill Dreck um Terrain:
"Et leie Frigoen do, Matrasse leien do, Fläschen, Béchsen, dat ass natierlech schlëmm fir d'Kéi, wann déi dat friessen, da kënnen déi doru stierwen. Déi verbludden dann ënnerlech."
Hie war frou, Hëllef an Ënnerstëtzung beim Botzen a Raume vum Terrain krut ze hunn:
"De Buergermeeschter hat mer scho samschdesmëttes gesot, datt ech Hëllef krit vun hinnen. A si se lo mat Camionnetten oder Camion hei an hëllefen eis elo hei botzen. An ech hunn och nach e puer Fräiwëlleg aus dem Duerf, Leit, déi hei hëllefe kommen."
Den Alain Engelhardt hofft, datt mat der Saisie vum Material d'Leit net méi fir Rave-Partye wäerten zréckkommen. Wéi dacks esou illegal Feieren hei am Land organiséiert ginn, konnt hien iwwerdeems net soen.