E Sonndeg um spéiden Nomëtteg gouf der Police en Iwwerfall op der Place du Marché aux Bestiaux zu Gréiwemaacher gemellt.

Zwou Persoune goufe vun dräi Jugendlechen ugeschwat, déi si bedrot an opgefuerdert haten, den Handy rauszeginn. Déi dräi Täter hu sech duerno duerch d'Bascht gemaach, ma d'Police konnt der Zwee méi spéit stellen an d'Handyen un d'Affer zréckginn. Et gouf Protokoll erstallt.

Abréch an Autoen

E Méindeg den Owend gouf dann nach op zwou Plazen an Autoen agebrach. Op engem Parking zu Rëmerschen haten zwou Persoune sech Zougang zu zwee verschiddene Gefierer verschaaft an dobäi Boergeld an eng Täsch matgeholl. Si konnte flüchten.

Ëm déi selwecht Zäit hat en Täter dann an der Route de Peppange zu Beetebuerg d'Fënster vun engem Auto ageschloen an ee Rucksak matgeholl. Och hei hat d'Sich nom Täter méi spéit kee Succès.

Um Site vun der Police ginn et Tippen, wéi ee sech preventiv géint déi Aart vun Abréch schütze kann.