Administrativ Demarchë ginn ëmmer méi heefeg online gemaach, ma net jidderee gëtt direkt eens mat den diverse Sitten.

Am Laf vum Joer 2024 hu 87% vun de Residenten hei am Land administrativ Demarchen online gemaach. Dat beleeën nei Chiffere vum Statec. Am meeschte maachen et Leit an der Alterstranche tëscht 25 a 44 Joer.

52% vun de Leit soen, si hätte keng Problemer gehat mat Sitten oder Applikatioune vun enger ëffentlecher Administratioun.

All Drëtte fënnt awer den Opbau vun de Sitten ze komplizéiert. 22% ware mat technesche Problemer konfrontéiert, iwwerdeems 11% soten, dass se Problemer mat der elektronescher Identifikatioun oder Ënnerschrëft haten.

RTL