Bei Alkoholkontrollen
16 positiv Tester, dräi Permisen agezunn

© Police Archivbild
Op Uerder vum Parquet waren an der Nuecht op en Dënschdeg tëscht 1.15 an 3.45 Auer Alkoholkontrollen zu Réimech an zu Elleng-Gare.
Am Ganze goufen dobäi 217 Chauffeuren ugehalen, deelweis och wa keng direkt Indicen op Alkohol virlouchen. 16 Mol war den Test positiv an dräi Permise goufen nach op der Plaz agezunn. Ee Chauffeur gouf donieft och erwëscht, deen ënnert dem Afloss vun Drogen stoung.
Am meeschte gelies