Trotz Krisen, Challengen an enger enorm grousser Volatilitéit vun de Präisser huet de fairen Handel zu Lëtzebuerg am leschte Joer allgemeng zougeholl.

Trotz Krisen, Challengen an enger enorm grousser Volatilitéit vun de Präisser huet de fairen Handel zu Lëtzebuerg am leschte Joer allgemeng weider zougeholl. Dat huet Fairtrade Lëtzebuerg op enger Pressekonferenz confirméiert, bei där d'Chiffere vun zejoert presentéiert goufen.
 
An enger Zäit, an där d'Mentalitéit vun de Leit ëmmer méi "buisness first" wier, d'Kooperatiounshëllef zréckgeschrauft, an där Kompetitivitéit géint Nohaltegkeet ausgespillt géif ginn a wirtschaftlech gesinn ëmmer méi d'Recht vum Stäerkste gëlle géif, géif och den Drock op d'Produzenten am globale Süden ëmmer weider zouhuelen, huet de Jean-Louis Zeien vu Fairtrade Lëtzebuerg betount. Ëmsou méi frou ass een, datt zu Lëtzebuerg d'Leit ëmmer méi fairtrade kafen. Beim Kakao zum Beispill goufen zejoert iwwer 600 Tonnen am Grand-Duché verkaf an domat 11 Prozent méi wéi 2023. Beim Kaffi gouf et eng liicht Baisse vu 5 Prozent mat awer nach ëmmer iwwer 450 Tonnen. De Fairtrade-Produit, deen am meeschten am Grand-Duché verkaf gëtt, ass awer nach ëmmer d'Banann, mat iwwer 2.200 Tonnen. De Jean-Louis Zeien:
 
"Dat ass impressionnant, dat mécht also, datt eng vun dräi Banannen, déi hei consomméiert ginn, aus fairem Handel kënnt. Dat strooft och alleguerten déi Ligen, déi ëmmer gesot hunn, de fairen Handel ass eng Nisch an der Nisch. Nee, bei 30 Prozent Maartundeeler kann een net méi vun enger Nisch schwätzen." 
 
Zejoert goufen dann och eenavéierzeg Tonne Fairtrade-Kotteng am Grand-Duché verkaf, e Plus vu 17 Prozent:
 
"Dat ass virun allem am professionelle Beräich an der Aarbechtskleedung, wou souwuel privat Acteuren, also Firmen, wéi awer och staatlech Acteure sech fir Fair-Kleedung, Fair-Aarbechtskleedung, ech géif soe massiv am Verglach zu deene Jore virdrun decidéiert hunn."
 
All déi Chiffere géife kloer weisen, datt souwuel den Handel, d'Distributeure wéi och de Konsument bereet wieren matzemaachen, huet de Jean-Louis Zeien vu Fairtrade Lëtzebuerg nach begréisst.