D'Regierung hätt am Virfeld net mat de Fluchlotsen doriwwer diskutéiert, obwuel déi herno misste mat deem System schaffen.

D'GLCCA géing d'Ziler vun der EU fir ee méi effizienten, nohaltegen a séchere Loftraum scho laang ënnerstëtzen. Dofir bräicht et awer kee virtuellen Tower. Bis haut géing och keen eenzegen internationalen Haapt-Fluchhafen esou een Tower plangen oder bedreiwen. De virtuellen Tower wier ënner reelle Konditiounen net esou fiabel ewéi ee konventionellen Tuerm, fënnt d'Fluchlotse-Gewerkschaft. Kameraen hätte bei Niwwel, Reen oder technesche Stéierungen net déi selwecht Reaktiounsfäegkeet a Betribssécherheet, ewéi dat mënschlecht A.