D’Loftqualitéit heiheem gëtt weider deels liicht besser. Op alle Fall ass nees manner Stéckstoffdioxid an der Loft.

E Schuedstoff, deen haaptsächlech op de Stroosseverkéier zeréckzeféieren ass.

D'Ëmweltverwaltung huet zesumme mat der Klimaagence a 36 Gemengen de Stéckstoffdioxid (NO2) gemooss. Se deele per Communiqué mat, datt a kenger Uertschaft den EU-Grenzwäert vu 40 Mikrogramm pro Kubikmeter iwwerschratt gouf. Déi héchst Wäerter goufen zu Iechternach gemooss mat 32 Mikrogramm.

Zanter 2018 ginn d'Wäerter zeréck. Dat wier ënnert anerem dorop zeréckzeféieren, datt méi Elektroautoe gefuer ginn a méi Homeoffice gemaach gëtt, heescht et am Schreiwes.